Firwat kee federalt Europa – e Bäitrag vum Roland Kirsch

Vu ville Säite gëtt de Ruff no engem federalen Europa nom Virbild vun den USA ëmmer méi kräfteg. Eis EU-Kommissärin huet sech dat als ee vun hiren Haaptziler an hier Agenda geschriwwen. D`Fro déi all eeschte Politiker stellen muss ass déi, op esou en Europa iwwerhaapt erstriewenswäert ass. E Bléck zeréck op déi rezent Geschicht vun Europa kann do vu grousser Hëllef sinn.

1952 ass ënnert dem Impuls vum Robert Schumann an dem Jean Monnet d`Montanunioun gegrënnt ginn. Wéi den Trauma vum 2. Weltkrich iwwerwonne wor hunn déi zwee grouss Staatsmänner mat hirer Initiativ den Handel tëschent 6 Länner rëm ugekuerbelt a gläichzäiteg d`Hand zur Verbridderung gereecht. Zu deem Zäitpunkt goufen ët an Europa 34 souverän Staten tëschent dem Atlantik an dem Ural. Déi groussaarteg Iddi vun enger Wiertschaftsunioun huet sech weider entwéckelt an ass iwwer d`EWG an d`EG, d`Europäesch Gemeinschaft iwwer gaang. Zu deene 6 Grënnerstate sinn anerer derbäi komm, d`Wierkungsfeld vun der EG huet sech erweidert an huet munch positiven Afloss bruecht, woubäi een och muss feststellen, datt nett alles grued gelaf ass, wéi z.B. dat iwwerdriwwent Amëschen vun der Gemeinschaft an d`Landwirtschaft.

Et duerf een allerdéngs nët iwwersinn, datt parallel zu der Bestriewung, Staten zu enger Gemeinschaft zesummen ze feieren, op ville Plazen an Europa Mënschegruppen hier Autonomie ugestrieft hunn. Et waren dat ëmmer Gruppe vu Mënschen, déi duerch eng gemeinsam Kultur, eng gemeinsam Sprooch an eng gemeinsam Geschicht sech zoueneen gehéireg gespuert hunn. Malta huet seng Onofhängkeet vu Groussbritannien 1964 krut. De Fall vum Kommunismus a mat him den Zerfall vun Sowjetunioun woren dunn dee groussen “Déclic”. A kierzester Zäit sinn d`baltesch Staten Estland, Lettland a Litauen, donieft dann och Wäissrussland, d`Ukrain a Moldawien entstan, respektiv nei entstan. Kuerz duerno ass Jugoslawien zerfall an huet an engem Prozess, deen nach unhält, Slowenien, Kroatien, Bosnien, Serbien (resp. Rescht-Jugoslawien), de Montenegro, Mazedonien an de Kosovo op den europäesche Plang bruecht. Wat nët zesummen eru gewuess wor, konnt och net zesummen halen. Dat léiere mer och un der Geschicht vun der Tschechoslowakei, wou haut zwee eegestänneg Staten, Tschechien an d`Slowakei niewenteneen existéieren.

Dës Entwécklung ass beileiwe nach nët eriwwer. D`Baskeland a Nordirland stinn ëmmer erëm an de Schlagzeilen wann d`Separatisten aktiv ginn. A Schottland fënnt am September an a Katalonien am November jeeweils e Referendum statt fir iwwert d`Oftrennung vun deene jeeweilege Gebidder vun de Stammstaten Groussbritannien a Spunien ofzestëmmen. A Venetien ass elo grad iwwer Internet eng inoffiziell Ofstëmmung gelaf fir sech vun Italien ofzesplécken a Sizilien plangt am Hierscht e Marsch fir d`Onofhängegkeet. Triest, dat 1954 zu Italien geschloe ginn ass, strieft och erëm d`Eegestännegkeet un. An ët ass sécher keng bëlleg Spekulatioun, wann een sech d`Fro stellt, wéini Südtirol, Sardinien an d`Lombardei, respektiv Walesoder och Korsikanët méi wëllen eng Regioun, mee e Stat sinn.

A grad elo mengen eis héich EU-Politiker festzestellen, datt dee richtege Moment komm ass fir all déi Staten zu enger Federatioun zesummen ze féieren. An aller Objektivitéit muss ee feststellen, datt eng Volleksgemeinschaft, déi géint de Wëlle vun de Leit entstan ass, op kuerz oder laang erëm auserneen dreift, well d`Zesummeliewen an engem gemeinsame Land nët ouni Reiwereie vollzu ka ginn. Jiddereen vun eis lieft mat senge Noperen a senger Strooss am Fridden, esou laang jiddereen säi Gaart, seng Terrasse a säi Grilleck huet. Wa mer d`Maueren an d`Hecken tëschent de Gäert ewech huelen an alles vergemeinsamen, dann huet de Fridde geschwënn ausgedingt.

Duerfir wieren d`Politiker gutt beroden (géife beweisen, datt een och aus der Geschicht ka léieren), wa se de Gedanke vum Federalstat ganz schnell géinge fale loossen an dofir géinge suergen, datt jiddereen am gudden Afersteestemech mat senge Nopere liewe kann. Datt do nach genuch Aarbecht ass gesi mer ouni eis unzestrengen, wa mer bis bei eis Belsch Nopere kuckengin.

Deel dëse Post: