Firwat Integratioun?

An Dänemark ass d’Diskussioun ronderëm d’Integratioun a Parallelgesellschafte ganz aktuell. Mëtt Mäerz gouf do nämlech en Entworf virgeluecht, fir dat 2018 gestëmmte Gesetz zur Verhënnerung vu Parallelgesellschaften a benodeelegte Quartieren ze verschäerfen.

Och a grad an engem klenge Land ewéi Lëtzebuerg – dat ronn 634.700 Awunner zielt, vun deenen ongeféier d’Halschent Auslänner sinn an 8,7% Net-EU-Auslänner – ass a bleift d’Integratioun ëmmer en aktuelle Sujet.

Et ass awer och e Sujet, deen ëmmer nees fir Opreegung suergt. Net jidderee versteet, firwat vill Leit esou op d’Integratioun vun Zouwanderer bestinn. Net emol déi blo Integratiounsministesch Corinne Cahen huet dat verstanen. An der Chamber sot si am Kontext vun der Integratioun: “Ech fannen upassen ass jo scho ganz schlëmm” an huet ënnerstrach, si wier “total dogéint“.

Eng Gesellschaft ass e Grupp vu Mënschen, déi sech op eng determinéiert Weis no bestëmmte Wäerter, Reegelen an och Manéieren organiséiert hunn a gewëssen Identifikatiounsfaktoren deelen. D’gemeinsam Sprooch, Kultur, Relioun, Geschicht an och d’Land, duerch säi raimlech ofgrenzenden Aspekt, si wuel déi heefegst, stäerksten an offensichtlechst Faktoren, mat deene sech e Grupp Mënschen als eng designéiert Gesellschaft bannent der Weltbevëlkerung mateneen identifizéieren. Doduerch, datt dës Gemeinsamkeete bestinn, entwéckelt sech op eng ganz natierlech Aart a Weis en Zesummegehéieregkeetsgefill. An dëst ass néideg fir eng stabil Gesellschaft, an där Solidaritéit an Zesummenhalt besteet, an déi esou zu enger Eenheet zesummewiisst.

De gesellschaftlechen Zesummenhalt ass a Gefor, wa sech Parallelgesellschafte bilden, well dës zu enger Zersplitterung vun der Eenheet féieren, wouduerch d’Gesellschaft an och hir Solidaritéit geschwächt ginn. Wa sech nieft där Gesellschaft, déi Zouwanderer ophëlt, aus dëse weider Gesellschafte bilden, déi sech duerch aner Identifikatiounsfaktore bestëmmen a sech no aneren Normen a Reegelen „organiséieren”, entstinn esou Parallelgesellschaften. A wat d’Identifikatiounsfaktoren an d’Organisatioun sech hei méi staark vun eneen ënnerscheeden, wat dës Parallelgesellschafte sech méi wäit vun där Gesellschaft ewechbeweegen. Mat der Zäit grenze si sech ëmmer méi staark an esouguer mat Nodrock of. Dat begënschtegt e Géinteneen, wat e Mateneen ëmmer méi schwiereg mécht.

Parallelgesellschafte sinn net just en abstrakte Gedankekonstrukt, deen eleng an de Käpp vu verschiddene Leit besteet. Et ass e reellen Zoustand a Problem a Länner a Stied, déi enger grousser Zouwanderung ënnerleien, an et verpasst hunn, déi noutwenneg Integratioun vun de Migranten ze fërderen an ze fuerderen. Dës Fuerderung ass keen Zeeche vun Intoleranz oder Onfäegkeet zur interkultureller Kommunikatioun. Et ass en noutwennegen Engagement, fir eng Aart Konsens ze garantéieren, deen et erlaabt, eng sozial a kulturell Segregatioun ze verhënneren.

Bei der Integratioun geet et net dorëm, seng Identitéit a seng Wuerzele vollstänneg opzeginn an ze verleegnen. Et geet dorëm, vollwäertege Member vun där Gesellschaft ze ginn, fir déi ee sech entscheet huet. Wann déi Wäerter a Manéieren, déi ee bis duer gelieft huet, net kompatibel sinn an een och net bereet ass, déi vun där „neier“ Gesellschaft unzehuelen, dann ass eng Integratioun ausgeschloss. Esou kann een ni vollwäertege Member vun där Gesellschaft ginn, wouduerch een net mattendran a matenee lieft, mee ofgesonnert niewendrun.

• Mandy Krier

 

Artikel – d’Lëtzebuerger Land, den 2. Abrëll 2021

 

Deel dëse Post: