Firwat goufen d’Lëtzebuerger net virun der Héichwaasserkatastroph gewarnt?

De 15. a 16. Juli gouf d’Lëtzebuerger Land vun enger Héichwaasserkatastroph getraff, wéi et se op ville Plaze säit Joerzéngten net méi gouf. Obwuel kee Mënsch ëm d’Liewe koum, ass de Materialschued enorm. Dat läit net zulescht dorun, well vun offizieller Säit aus keng Warnung erausgaangen ass. Wéi an Däitschland heefen sech awer och heizulands d’Hiweiser, datt dës Katastroph fir déi Verantwortlech duerchaus viraus ze gesi war. Am Hibléck op eis héichtechnologiséiert Mëttelen eigentlech kee Wonner. Schliisslech kënne mir jo souguer de Klimawandel fir déi nächst 100 Joer viraussoen…Wou also louchen d’Kommunikatiounsfeeler?

Deel dëse Post: