Firwat ginn d’ADR-Positiounen an der COVID-Debatt systematesch ënnerschloen?

An de Rapporten iwwer d’COVID-Debatte geet RTL reegelméisseg op d’Positioune vu sämtleche Parteien an, mat enger klorer Ausnam: Der ADR! Huet d’Finanzéierung duerch de Staat wouméiglech zu engem “vorauseilende Gehorsam” vis-à-vis vun der Regierung gefouert? Froen, mat deenen déi Verantwortlech sech méiglechst séier a méiglechst selbstkritesch sollten auserneesetzen. Den ADR-Parteipresident Jean Schoos an de Fraktiounspresident Fernand Kartheiser riichten an deem Sënn e kloren Appell un den Informatiounsdirekter Guy Weber. 

Hannergrond: Iwwerbléck iwwert déi wichtegst Positioune vun der ADR an der COVID-Debatt

D’ADR ass fir:

  • d’Fräiwëllegkeet vun den Impfungen an eng Kultur vum géigesäitege Respekt
  • en efficace Schutz vu vulnerabele Persounen an engen rechtlech gutt ofgesëcherte Kader 
  • eng Reform vum Spidoolsgesetz an eng Verbesserung vum Gesondheetswiesen 
  • eng fair an éierlech Approche zu de Virdeeler an de Risiken vun der Impfung ouni Scholdzouweisungen an Ausgrenzungen 
  • de Respekt vun eise Grondrechter grad an enger Krisesituatioun
  • engagéiert  Fuerschung  fir COVID-Medikamenter
  • eng systematesch Verbesserung vun der Widderstandsfäegkeet vun eisem Land a Krisesituatiounen

D’ADR ass géint: 

  • all direkt an indirekt Form vun Impfzwang
  • eng Spaltung vun der Gesellschaft
  • d’Gesondheetskontroll vu private Leit duerch aner privat Leit 
  • politesche Long-COVID an dem Sënn, datt eis Grondrechter mussen nees direkt an integral hiergestallt ginn
Deel dëse Post: