Firwat gëtt d’Sauerdallbréck net gefléckt?

Säit e puer Woche gëtt den Trafic iwwert d’Sauerdallbréck op der Tréierer Autobunn duerch Stroosseschied beanträchtegt. Wéi betraffen Chauffere matdeelen, hunn si awer nach zu kengem Ablack Bauaarbechter gesinn, déi sech hei rëm këmmeren. Kann de Verkéiersminister dës Aussoe bestätegen? Falls jo, firwat gëtt dës wichteg Verbindung net méi prioriséiert? Gi separat Etuden ofgewaart, feelt et u qualifizéiertem Personal oder ass den Osten alt nees eng Kéier d’Stéifkand vun der Natioun?

Deel dëse Post: