Firwat gëtt d’Police bei hiren Enquête behënnert?

Firwat huet eis Police Judiciaire keen Zougank op méiglecherweis wichteg Donnéeën?

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet an un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.

Zu Lëtzebuerg ass et aktuell nach ëmmer sou, datt verdächteg Persounen, déi sech am Kader vun enger Police-Enquête weigeren, de Beamten Zougrëff op hire Mobiltelefon ze ginn, net bestrooft kënne ginn. Dëst kann als eng problematesch Situatioun gesi ginn, well d’Beamten den Zougrëff op de Mobiltelefon brauchen, fir am Kader vun enger Enquête Informatiounen ze sammelen, déi Opschloss kënne ginn op potentiell Strofdoten. Doduerch ass et fir d’Police Judiciaire schwéier hirer wichteger Aarbecht kënnen nozegoen.

An deem Kontext äntwert d’Madamm Justizminister op eng entspriechend parlamentaresch Fro, datt esou eng Reegelung, déi et de Police-Beamten, wann dat néideg ass, erlaabt, Zougrëff op de Mobiltelefon vun enger verdächteger Persoun ze kréien, am franséische Strofgesetzbuch scho besteet. Weiderhin heescht et an der Äntwert vun der Madamm Justizminister, datt eng entspriechend zukünfteg Reegelung och am Lëtzebuerger Code pénal géif a Betruecht gezu ginn.

An deem Kontext hätte mir folgend Froen un d’Regierung:

  • Wéini gedenkt d’Regierung elo konkret e Projet de loi virzeleeën, fir eng entspriechend Upassung vum Gesetz op de Wee ze bréngen? Wéi soll dës Gesetzesupassung konkret ausgesinn?

Mat déiwem Respekt, Fernand Kartheiser / Fred Keup

 

Deel dëse Post: