Firwat gëtt d’Lëtzebuerger Sprooch net gläichwäerteg behandelt?

Firwat muss d’Lëtzebuerger Sprooch sech an amtlechen Dokumenter ëmmer nach hannert dem franséische verstoppen?

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Kulturminister weiderzeleeden.

Beim Formulaire vun der Wunnsëtzbescheinigung, déi vum Centre des technologies de l’information de l’État (ctie) ausgestallt gëtt, fält op, datt déi franséisch Sprooch kloer bevirdeelegt gëtt an déi däitsch a Lëtzebuerger Sprooch benodeelegt ginn, well déi franséisch Versioun a roude Buschtawe ganz uewe vum Formulaire steet an sech iwwerdeems och vun der Schrëftgréisst däitlech vun der Lëtzebuerger an däitscher Versioun ofhieft, déi däitlech méi kleng an a groer Faarf ënnendrënner stinn. Am Sproochegesetz vum 24. Februar 1984 ass awer festgehalen, datt Lëtzebuerg dräi gläichberechtegt Amtssproochen huet. Lëtzebuergesch ass iwwerdeems d’Landessprooch.

An deem Kontext hätt ech follgend Fro un den Här Minister:

  • Wëssend, datt Lëtzebuerg dräi gläichberechtegt Amtssproochen huet: Firwat gëtt déi franséisch Sprooch beim Formulaire vun der Wunnsëtzbescheinigung kloer bevirdeelegt an déi aner Sprooche benodeelegt, andeems déi franséisch Versioun a roude Buschtawe ganz uewe steet an sech och vun der Schrëftgréisst däitlech ervirhieft?

Mat déiwem Respekt, Fred Keup – Deputéierten

Deel dëse Post: