Dat wëll den Tom Weidig vun der Héichschoulministesch wëssen.
Fro:
Déi aktuell Programmoffer vun der Uni Lëtzebuerg lëscht eng ganz Rei vu Masterprogrammer am Beräich vun de Sciences humaines op, awer kee Master „Langues, Culture, Médias – Lëtzebuerger Studien“ méi, e Studiegang, deen 2009/10 agefouert gi war.
An deem Zesummenhang hunn ech follgend Froen un d’Madamm Minister:
- Firwat gëtt de Studiegang „Langues, Culture, Médias – Lëtzebuerger Studien“ aktuell net méi vun der Uni Lëtzebuerg ugebueden?
- Kann d’Madamm Minister confirméieren, dass dëse Studiegang säit 2009 e puermol ausgesat gouf? Wa jo, aus wéi enge Grënn gouf en an de betreffende Joren ausgesat?
- Wéi hu sech d’Zuele vun den intresséierte Studenten zënter der Aféierung vun deem Studiegang entwéckelt? Wéi gesäit d’Madamm Minister dës Entwécklung?
- Wat ass säit der Aféierung vun deem Studiegang vu Säite vun der Regierung gemaach ginn, fir en ze promouvéieren?
- Ass d’Madamm Minister gewëllt, de Studiegang nach emol geziilt ze promouvéieren, a wa jo, mat wéi enge Moossnamen?