Fir eng strukturéiert Schoulpolitik och a Corona-Zäiten!

De Fred Keup fänkt seng Interventioun vum 28. Oktober iwwert d’Schoulpolitik a Corona-Zäiten mat engem grousse Merci un all dat couragéiert Schoulpersonal, awer och un d’Schüler, déi de Schoulbetrib weiderhin um Laafen halen. De Süd-Deputéierte weist dann awer drop hin, datt och an dëse schwieregen Zäiten d’Schoul op eng strukturéiert Manéier muss weider lafe kënnen. Et ass an deem Kontext net ze verstoen, datt de Schoulminister net besser op déi schwiereg Situatioun, déi awer virauszegesi war, virbereet war. Vill Enseignantë fale COVID-bedéngt aus an an deem Kontext werft de Fred Keup d’Fro op, firwat net en Deel vum Léierpersonal, wat fir aner Projeten (z.B. de Script) detachéiert ass, elo net an dëser Noutsituatioun erëm kann agesat ginn. Och wat d’Ausbildung am Beräich vum BTS (Brevet de Technicien Supérieur) ugeet, herrscht eng grouss Onkloerheet. De Fred Keup notzt dofir d’Geleeënheet, direkt beim Schoulminister nozefroen.

Deel dëse Post: