Fir eng stabil Ekonomie, déi net op Turbowuesstem setzt

A senger Ried vum 26. Abrëll proposéiert de Fernand Kartheiser konkret Léisungen, wéi Lëtzebuerg an Zukunft op eng stabil wirtschaftlech Entwécklung setze kann, ouni sech dobäi vum onkontrolléierte Wuesstem ofhängeg ze maachen. Am Géigesaz zu der CSV an de Regierungsparteien huet d’ADR scho méi laang erkannt, datt den onkontrolléierte Wuesstem, dee fir all déi grouss Problemer, z.B. am Beräich vun der Infrastruktur, Logement, Gesondheetsversuergung, Verkéier etc., verantwortlech ass, net de Garant fir eist wirtschaftlecht a gesellschaftlecht Wuel ass. An der Ried vum ADR-Fraktiounschef gëtt iwwerdeems däitlech, datt d’ADR bei der wirtschaftlecher Entwécklung op Realismus an net op Ideologie setzt.

Deel dëse Post: