Fir eng staark Natioun mat ethesche Grondsätz!

Et ass dem Staatsminister no net eng Debatt iwwert d’Lag vun der Natioun, mee eng Debatt iwwert d’Lag vum “Pays”. De Begrëff “Natioun” fäert eis Regierung wéi de Däiwel d’Wäiwaasser. Ganz anescht d’ADR: Mir sti fir eng staark Natioun mat staarken ethesche Grondsätz. Eng Natioun, déi fir hir Leit do aus. Eng Natioun, déi net engem falschen an inhaltsfräie Modernismus noleeft, wa Modernismus bedeite soll, datt et net méi néideg ass, sech fir de Schutz vum Liewen anzesetzen (Extrait 1’05”); wa Modernismus bedeite soll, datt e Kand net méi ze wësse brauch, wou et hir kënnt a wien säi Papp ass; wa Modernismus bedeite soll, datt mer am Kader vu Leihmutterschaft d’Kand wéi eng Wuer behandelen an d’Fra als Gebärmaschinn instrumentaliséieren; wa Modernismus bedeite soll, datt ekonomesch Iwwerleeungen iwwert universellen ethesche Grondsätz stinn; wa Modernismus bedeite soll, datt mer eis Geschicht an eis historesch gewuessen Identitéit mat Féiss trëppelen; wa Modernismus bedeite soll, de Wielerwëlle beim Referendum net ze respektéieren an d’Auslännerwalrecht géint de Wëlle vum Vollek duerch d’Hannerdier eranzebréngen (Extrait 1’27”); wa Modernismus bedeite soll, datt mer d’Suerge vun de Leit iwwert d’Migratiounskris net eescht huelen an ee Rechtsbroch nom anere beginn (Extrait 1’10”); wa Modernimsus bedeite soll, datt mer d’Meenungsfräiheet aschränken; wa Modernismus bedeite soll, datt mer d’Lëtzebuerger Sprooch wéi e Stéifkand behandelen (Extrait 1’10”);

Et war eng staark Interventioun vum Fernand Kartheiser de 26. Abrëll, déi däitlech weist: Zäit fir d’ADR!

Deel dëse Post: