Et däerf net sinn, datt d’Klimapolitik ausschliisslech um Bockel vun deene méi aarme Leit ausgedroe gëtt an datt déi Räich sech an Zukunft einfach fräikafe kënnen. An deem Kontext hunn d’ADR-Süd-Deputéierte Fernand Kartheiser a Fred Keup e puer ganz kritesch Froen un d’Regierung gestallt.