Fir eng Oplockerung vun de Corona-Moossnamen

De 5. Mee 2021 wëll d’Regierung nei Moossnamen am Kader vun der COVID-Pandemie ukënnegen.

D’ADR fuerdert d’Regierung op, dréngend folgend Moossnamen ze huelen:

  1. De Retablissement vun alle Grondrechter, déi sech op déi perséinlech Fräiheete bezéien, dozou gehéiert d‘Ofschafe vun der Ausgangsspär, d’Ophiewe vun allen Aschränkungen am Demonstratiounsrecht an d’Ofschafe vun allen Agrëffer an d’Privatliewen, wéi d’Limitatioun vum Besuchsrecht doheem an an den Alters- a Fleegeheemer;
  2. Retablissement vun deenen normalen Aarbechtsbedingunge fir den HORECA-Secteur, ënnert deene virgeschriwwene Sécherheetsmoossnamen;
  3. Ophiewe vun alle Restriktiounen am Sport, inklusiv dem Mannschaftssport, an Erlabe vun den Zuschauer ënnert de virgeschriwwene Sécherheetsmoossnamen;
  4. Weider Erliichterunge fir Museks- a kulturell Veräiner;
  5. Déi versprachen Hëllefen un d’Betriber elo endlech ausbezuelen;
  6. All Hëllefen un d’Betriber sollen esou laang ausbezuelt ginn, wéi de Staat d’Betriber drun hënnert, fir kënnen ënnert normale Konditiounen ze fonctionéieren.

Pressematdeelung vun der ADR

Deel dëse Post: