Mënschen aus 170 verschiddene Länner liewen hei zu Lëtzebuerg. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser fänkt seng Interventioun vum 15. Mäerz domat un, eisen auslännesche Matbierger e Merci auszeschwätzen, déi am Respekt vun eiser Kultur an Identitéit hei wunnen, schaffen, eis Sprooch léieren an  eist Land  och kulturell beräicheren.  Integratioun däerf zu Lëtzebuerg awer net zu enger Schein-Integratioun verkommen. Wann och an Zukunft en harmonescht Zesummeliewe garantéiert bleiwe soll, da brauche mer eng Integratioun, déi de Numm och wierklech verdéngt. Et ass d’Aufgab vun der Politik, déi néideg Konditiounen ze schafen, fir d’Integratiounsméiglechkeet vun den auslännesche Matbierger ze garantéieren. De Fernand Kartheiser plädéiert fir e respektvolle Mateneen (Extrait 1’20”). Wéi dat funktionéiere soll, ass denkbar einfach: Iwwert d’Léiere vun eiser Nationalsprooch Lëtzebuergesch an dem Respektéiere vun eiser Kultur an Identitéit steet jidderengem d’Méiglechkeet oppe, Lëtzebuerger ze ginn. Schued, datt d’CSV a Gambia dës noutwendeg Kritären onendlech wéit erofsetzen. Integratioun bedeit fir Gambia an d’CSV, 20 Joer laang ze beweisen, datt een d’Sprooch net wëll léieren, an als Kaddo kritt een d’Lëtzebuerger Nationalitéit. Lëtzebuerger sinn heescht méi, wéi just hei ze wunnen an hei ze schaffen. De Fernand Kartheiser plädéiert fir eng Integratioun ouni Kompromësser (Extrait 1’51”).

 

Liest och eisen Artikel “Wéineg Konkretes op konkret Froen…”.