Fir eng Entwécklungshëllef mat Kapp a Verstand!

57 Milliarden Dollar ginn an de nächste Joren an d’Entwécklungshëllef fir afrikanesch Länner investéiert – eng Zomm, déi méi grouss ass, wéi d’Bruttosozialprodukt vun den 20 ärmsten afrikanesche Länner zesummen. An Afrika ass d’Entwécklungshëllef dee gréisste wiertschaftleche Secteur. Dat seet de Fernand Kartheiser bei der Debatt iwwert d’Entwécklungshëllef vum 5. Dezember. Lëtzebuerg alleng huet trotz engem kontinuéierlechem Defizit bei de Staatsfinanzen an enger Legislaturperiod wäit iwwer 1,5 Milliarden Euro an d’Entwécklungshëllef gestach. Virun dësen astronomeschen Zuelen stellt de Fernand Kartheiser d’Fro, ob d’Investitiounen an d’Entwécklungshëllef och wierklech zu där erhoffter “succes story” féieren. Den ADR-Deputéierten bréngt an deem Kontext e puer onkamoud Fakten zur Sprooch.

De Fernand Kartheiser deponéiert dann och eng Motioun, déi d’Regierung opfuerdert, sech och bei der Entwécklungshëllef ëm de Schutz vum Liewen a vun der Gesondheet vun de Mammen an de Kanner am Ëmfeld vu Schwangerschaft a Gebuert ze beméien. D’Motioun gouf souwuel vun der Regierung, ewéi och vun der CSV verworf – d’ADR fuerdert d’CSV an deem Kontext op, sech endgülteg vum “C” ze trennen.

 

 

Deel dëse Post: