Fir eng besser Gesondheetspolitik zu Lëtzebuerg

D’AMMD (Association des médecins et médecins-dentistes) mécht sech Suergen iwwert d’Lëtzebuerger Gesondheetspolitik. De Grand-Duché huet massiv Problemer, nei Doktere kënnen ze rekrutéieren, esou d’Vertrieder vun der AMMD bei hirer Entrevue mat der ADR vum 27. Mäerz. Grënn fir den akute Mangel u Fachpersonal sinn, ënnert anerem, datt d’Doktere beim Ausübe vun hirem Beruff ëmmer méi duerch Virschrëfte vun der Krankekeess ageschränkt ginn. D’Nomenclature vun der Krankekeess fir déi verschidde medezinesch Prestatiounen ze definéieren ass zanter mindestens 20 Joer veraalt. Dobäi kënnt, datt eis Krankekeess d’Suen ze horte schéngt, anstatt a sënnvoll Projeten ze investéieren. Vill Lëtzebuerger mussen ëmmer nach méintlaang waarden oder souguer an d’Ausland goen, fir sech kënnen am IRM ënnersichen ze loossen. D’AMMD war vertrueden duerch hire President, den Dr. Alain Schmit, hire Generalsekretär, den Dr. Guillaume Steichen, esou wéi duerch hire stellvertriedende Generalsekretär Dr. Marc Peiffer.

D’AMMD an d’Reformpartei waren sech eens, datt an der Lëtzebuerger Gesondheetspolitik nach vill muss gemaach ginn.

Deel dëse Post: