Fir eng besser Lëtzebuerger Entwécklungspolitik!

Lëtzebuerg ass, hanner Schweden, prozentual gesinn dat Land op der Welt wat am meeschte Suen an d’Entwécklungshëllef stécht, an investéiert dëst Joer am ganze 420 Milliounen Euro. Dobäi muss awer déi humanitär Hëllef op d’mannst genee sou wichteg geholl gi wéi d’Entwécklungshëllef, sou d’adr. Wa wierklech Leit a Nout si muss een deene séier hëllefen. Wat den afrikanesche Kontinent ugeet, sou misst een d’Hëllef aneschters asetze fir datt sech d’Zillänner och ënnerteneen wirtschaftlech weider entwéckele kënnen, wat honnerte Millioune Mënschen ze gutt komme kéint.

 

Deel dëse Post: