Fir e Wuesstem, deen eis Liewensqualitéit respektéiert

A senger Interventioun vum 4. Dezember huet den Tom Weidig iwwert e passende Wuesstemsmodell fir Lëtzebuerg geschwat. Hei fannt Dir seng ganz Ried:

“Et ass wichteg, datt mir vun Zäit zu Zäit iwwer déi laangfristeg ekonomesch Zukunft vu Lëtzebuerg schwätzen.

Dat Positiivt um ECO-2050-Rapport ass, datt sech do Leit higesat hunn an nogeduecht hunn iwwer eis Zukunft, esou gutt, wéi si dat konnten an esouwäit dat och méiglech ass. Duerfir e grousse Merci och un de Franz Fayot fir déi Initiativ.

Et ass och gutt, datt de Rapport dräi kloer Zenarie fir eis ekonomesch Zukunft bruecht huet.

Ech sinn awer mat munche Prognosen net averstanen. Respektiv et feele mir wichteg Elementer, déi eis Zukunft signifikant beaflosse wäerten, déi net mat dra sinn.

Trotzdeem: den Exercice ass net sënnlos, well nëmme wa konkret Zenarien opgeschriwwe ginn, kann een sech konkret mat deenen Zenarien auserneesetzen a soen, wat feelt oder wat falsch ass.

An et kann een och soen: Wëll ech dësen Zenario oder wëll ech en net?

Éischtens muss ech soen, datt dëse Rapport an der europäescher Blos vum “Green Deal” a Klimapanik geschriwwe ginn ass. Wann een a Panik ass, iwwerdreift een normalerweis d’Gefor an et reagéiert ee grad net rational a besonnen. Zum Beispill kritt d’Klimaerwiermung fir all Iwwerschwemmung d’Schold. Den Haaptfaktor ass awer mënschegemaach duerch Zoubetonéierung, Ofholzung a falsch Kanaliséierung, an zum aneren Deel einfach well mir halt an der Natur liewen, wou et schonn ëmmer Naturkatastrophe gi sinn. Dat ass och net de Problem fir eis europäesch Ekonomie. De Problem ass ze mengen, datt d’Politik aktiv duerch de Green Deal d’Problemer léise kann. Mir gesinn et ëmmer nees, datt gréngen Aktivismus de Problem méi grouss mécht wéi méi kleng. Erneierbar Energië kënnen och manner benotzt ginn, well eben d’Nuklearzentralen ofgeschalt gi sinn. An de Verbuet vum Verbrennungsmotor an d’Subside fir den E-Auto brénge Problemer, well d’Technologie nach net massentauglech ass. Mee virun allem kommen enorm Käschten op eis duer, och well aner Länner net matmaachen a manner Käschten hunn. Duerfir wäert déi feelgelenkt Green-Deal-Politik Europa an och Lëtzebuerg enorm schueden an der Zukunft.

Dat selwecht gëllt och fir d’Iwwerreguléierung. Och do wäert eis ekonomesch Zukunft dervun ofhänken, ob mir sënnvoll dereguléiere kënnen.

Dat zweet Element, dat vergiess gëtt, sinn déi kulturell Faktoren a Froe vun der nationaler Identitéit. Dat, wat ëmmer vergiess gëtt, ass, datt sech eise Wuelstand net aus enger multikultureller Gesellschaft vu Parallelgesellschaften entwéckelt huet, mee aus enger konservativer Leeschtungsgesellschaft! Eis Ekonomie ass opgebaut op enger Natioun mat ville Gemeinsamkeeten, an nëmmen duerch déi konnt sech Lëtzebuerg esou entwéckelen: eng gemeinsam Sprooch, e gemeinsame Schoulsystem a gemeinsam Kultur a Wäerter. All dës Gemeinsamkeete léisen sech lues a lues op wéinst der enormer Immigratioun iwwer déi lescht 20 Joer. Dës wäert e wichtegt Element ginn, dat och d’Ekonomie signifikant beaflosse wäert. Dëse Faktor gëtt awer ausgeklammert.

Drëttens gëtt et zu Lëtzebuerg, mee och an all aneren europäesche Länner en demographesche Kollaps, deen d’Dynamik an eise Gesellschaften an den nächste Joerzéngten dominéiere wäert. D’Gebuerterat ass ze niddreg. Et ginn nëmme méi 1,3 Kanner pro Fra gebuer, an net 2,1 fir eng Bevëlkerung stabil ze halen. Zum Beispill, amplaz 100 Handwierker hu mir der nëmme méi 60  an der éischter Generatioun a 40 an zweeter Generatioun! Dëst wäert e groussen Impakt op eis Ekonomie hunn, well Leit feelen. Mee och d’Nofro geet erof, well déi Jonk am meeschte konsuméieren, fir hiert Liewen opzebauen. Ëmmer manner Leit mat Aarbecht mussen ëmmer méi Leit, déi net schaffen, ënnerstëtzen. Gutt ausgebilten Immigrante kënnen dat e bëssen offiederen, mee déi kommen net aus Europa, well et och do u Kanner feelt, a si wäerten ni qualitativ Kanner ersetzen, déi hei zu Lëtzebuerg opgewuess an ausgebilt sinn an eis Kultur a Sprooch intus hunn.

Dat ware lo dräi Beispiller, wou déi Zenarie menger Meenung no net richteg sinn. Trotzdeem ass et wichteg iwwerhaapt Zenarien ze hunn.

Wat mir am Allgemengen um Rapport net gefält, ass, datt et esou ausgesäit, wéi wa mir komplett dem Schicksal ausgesat sinn an net selwer decidéiere kënnen.

Dat ass falsch. Mir hunn Agency, wéi een op Englesch seet. Mir kënne mat eiser Politik d’Zukunft beaflossen.

An dat hunn ech och zesumme mat mengem gudde Kolleeg, dem Fred Keup, an eisem Buch gesot.

Déi dräi Zenarie sinn awer och gutt, well ee rausfanne kann, wat fir een Zenario een net wëll.

D’ADR wëll keen 1-Millioun-Awunnerstaat. A mir mengen, datt déi allermeeschte Leit dat och net wëllen.

Duerfir fuerdere mir e Referendum, wou d’Leit selwer entscheede kënnen.

Mir sinn der Meenung, datt souwuel Lëtzebuerger wéi och d’Auslänner hei zu Lëtzebuerg dat net wëllen.

Wann de Referendum kloer ausgeet, hu mir eng Marschrichtung, déi eis politesch Entscheedunge leede kann.

Fir d’ADR ass d’Analys kloer.

Mir haten an de leschten 20 Joer eng Massenimmigratioun, déi eis kuerzfristeg Wuelstand bruecht huet, mee mir mierken ëmmer méi déi negativ Konsequenze vun deem onkontrolléierten Turbowuesstem.

An do schwätzen ech net mol dervun, datt eis Sprooch ëmmer méi verdrängt gëtt. Mat engem 1-Millioun-Awunnerstaat géif se definitiv ausstierwen.

Nee, och déi héich Hauspräisser a Loyere sinn eng direkt Konsequenz vun der massiver Immigratioun iwwer déi lescht 20 Joren.

Wann 200.000 Leit derbäikommen, mee et gëtt awer kee Wunnraum fir 200.000, da mussen d’Präisser explodéieren. Sozial schwaach Lëtzebuerger mussen an d’Ausland wunne goen an aner Lëtzebuerger, mee och vill Migranten, kréien d’Kéier net méi.

Mir hunn e Manktem un allem: Polizisten, Beamten an Dokteren. Mee och d’Infrastruktur hinkt hannendrun: Mir erstécken am Verkéier an d’Verbauung ass e Problem.

Mir brauchen duerfir e qualitative Wuesstem mat liichter Immigratioun.

Mir wëllen zeréck zu der Migratiouns- an Integratiounspolitik vun de 60er, 70er an 80er Joren.

E puer Dausend Leit pro Joer mat enger Aarbecht, déi op se gewaart huet a wou hir Kanner an de lëtzebuergesche Schoulsystem gaange sinn an sech gutt integréiert hunn.

Als Resumé: mir hunn eist Schicksal selwer an der Hand. Mee mir mussen de Courage hunn, d’Problemer kloer unzeschwätzen, an de Wëllen eis Zukunft ze gestalten.

Merci.”

Deel dëse Post: