Fir e vernënftegen Ëmgang mat der Police

Den 3. Juli goufen an der Chamber direkt zwee Gesetzer gestëmmt, déi d’Police betreffen. D’Gesetz iwwert d’ “Inspection générale de la police” huet d’ADR net matgestëmmt. De Fernand Kartheiser gesäit an dësem Gesetz e Mangel u Vertraue géintiwwer der Police Grand-Ducale. Den ADR-Deputéierte betount dësweideren, datt bei der Police jiddereen d’selwecht behandelt muss ginn an dat déi ageféiert Privileegie fir verschidde Mataarbechter vun der Police fir d’ADR net zäitgeméiss a soumat inakzeptabel sinn.

Beim Gesetz iwwert den disziplinaresche Statut vun der Police huet d’ADR sech enthalen. Et gesäit een hei, ënnert anerem, d’Gefor vun der Politiséierung vun der Police.

 

Deel dëse Post: