Fir e staarken ëffentleche Lëtzebuerger Schoulsystem!

A senger Interventioun vum 8. Juni huet den ADR-Süddeputéierten a Parteipresident Fred Keup am Kader vun der Debatt iwwert schoulesch Ongläichheeten d’Wichtegkeet vun enger staarker ëffentlecher Schoul betount, déi esouwuel de Faktor fir d’Integratioun muss ginn, ewéi och de Schüler eng exzellent Ausbildung ubitt, déi si op dat spéidert Beruffs- oder Studenteliewe virbereet. D’Integratioun iwwert de Wee vum Lëtzebuergeschen ass dofir wichteg an et ass sécherlech de falsche Wee, d’Schüler elo op franséisch alphabetiséieren ze wëllen. De schouleschen Erfolleg hänkt natierlech vill vum sozialen Ëmfeld of, et muss een awer och bedenken, datt all Schüler – esou wéi dat och wëssenschaftlech Etude weisen –  ënnerschiddlech Stäerkten a Schwächten huet, déi him vu Gebuert aus matgi sinn. Dëst huet an der Chamber, zum Schluss vun der Ried vum Fred Keup, nees zu populisteschen an deplacéierten Aussoe vu Säite vum Dan Kersch gefouert… awer kuckt selwer!

Deel dëse Post: