Fir e fräien a fairen Handel

Am Kader vun der Aktualitéitsstonn vum 18. Abrëll iwwert d’Erhéijung vun den Taxen  op de Stol an Aluminium duerch d’USA schwätzt sech d’ADR fir e fairen a fräie Welthandel aus. Den Deputéierte Fernand Kartheiser warnt awer virdrun, duerch eng eesäiteg Approche Amerika mat hirem President Donald Trump ze stigmatiséieren. Lëtzebuerg an Europa huet nämlech all Interêt un enger gudder Aarbechtsrelatioun mat den USA an et ass novollzéibar, datt d’Amerikaner och op hir Interesse beduecht sinn – sou wéi all Land!

Deel dëse Post: