Fir de Wiessel!

E politesche Wiessel ass just mat der ADR méiglech. Um traditionelle Presseiessen vum 13. Juli betount de Gast Gibéryen, datt d’ADR mat formidabele Lëschten an engem gutt ausgeschaffte Walprogramm bereet ass, Regierungsverantwortung zu Lëtzebuerg ze iwwerhuelen. Datt d’Viviane Reding elo seet, d’CSV géif net mat der ADR koaléieren, deet dem ADR-Deputéierte besonnesch wéi. De Gast Gibéryen ass schliisslech ee vum Viviane Reding senge Kanner! (Extrait 2’31”) 

Wuesstem, Lëtzebuerger Sprooch, Integratioun, Staatsfinanzen – d’ADR ass a bleift mat hirer zukunftsorientéierter Politik d’Original!

Deel dëse Post: