Fir de Chrëschtmaart gehéiert d’Krëppchen op d’Plëss!

Wéi all Joer gëtt op der Plëss fläisseg um Chrëschtmaart geschafft. Mä do wou niewent dem Cercle d’Krëppchen ëmmer stung, ass elo eng Plastiksbudd opgeriicht ginn. Eng Krëppchen ass op der Plëss net geplangt. Just d’Forainen op der Konstitutiounsplaz iwwer der Péitruss halen dee Chrëschtbrauch nach héig. An engem Pressekommunikee proadréiert d’ADR géint dee Broch mat der Traditioun. D’Roserei op d’Kierch vun de Gambia-Parteien an der Stad an am Land an hir verbruechte Lénksideologie huet elo also och de Chrëschtmaart erwëscht. Am Gemengerot vun der Stad huet dat e Nospill: d’Gemengeconseillière Madam Marceline Goergen huet eng entspriechend Fro un d’Madam Buergermeeschter gestallt.

Deel dëse Post: