Fir de Choix!

Kannerbetreiung: fir de Choix vun den Familljen

D’Journalistin Simone Molitor schéngt Gedanke liesen ze kënnen.

An hirem Leitartikel vum 16. November mam Titel “Die Gleichstellung beginnt in der Küche” schreift si nämlech haaptsächlech iwwert dat wat ech, “Dickschädel”, anscheinend denken. Well et awer wesentlech besser ass d’Leit zu hiren eegene Gedanke perséinlech zu Wuert kommen ze loossen, amplaz hinnen eppes ze ënnerstellen, wollt ech dann hei dovu profitéiere fir meng Gedanken ze verëffentlechen.

Bei der Unhéierung vun der ëffentlecher Petitioun zur Verlängerung vum Elterecongé vu 6 op 9 Méint hunn ech an der Chamber den Petitionären d’Fro gestallt ob et net och eng gutt Iddi an hiren Ae wier, fir et ze erméiglechen dass ee vun den Elteren, ganz oder deelweis, doheem bei der Famill kéint bleiwe bis d’Kand 12 Joer huet. «Ee vun den Elteren» bezitt sech also ausdrécklech net nëmmen op d’Frae mee och op d’Männer»

Meng Gedanken dohannert sinn also net dass d’Fraen erëm zeréck hannert d’Kiche gehéiere, mee dass d’Familljen de Choix kréien, ob si selwer bei hire Kanner wëlle sinn oder ob si hir Kanner an extern Strukture wëlle ginn.

Elteren, déi sech entscheede fir weider ganz ze schaffen, sollen och weider hir Kanner an déi bekannte gratis Strukturen, wéi Crèchen a Maisons Relaisen, kënne ginn. Dëst kascht de Staat ganz vill Geld, mä et ass richteg esou a soll och weider ënnerstëtzt ginn.

Op der anerer Säit ginn et awer och Elteren déi gär géifen entscheeden doheem ze sinn, fir hir Kanner, zum Beispill hallefdaags, an dat bis d’Kand 4, 6 oder 12 Joer huet. An och si missten ënnerstëtzt ginn!

Well d’Eltere sollen op kee Fall dozou forcéiert ginn, hir Kanner an enger Crèche versuergen ze loossen, well finanziell oder ideologesch Contrainten dat verlaangen. An vill Psychologe soe jo, datt d’Kanner da kënne profitéiere fir méi laang bei hiren Elteren ze sinn.

D’Eltere sollen de Choix hunn, de finanzielle Montant deen de Staat fir d’Versuergung vum Kand an enger Crèche oder enger Maison Relais géing bezuelen, ze benotze fir deen Elterendeel ze remuneréieren, dee sech entschléisst, selwer, doheem, fir d’Erzéie vun de Kanner ze suergen. An deem Fall misst och en Deel vun deem Elteregeld geholl ginn, fir sech an der Pensiounskeess ze versécheren.

Meng Gedanke sinn also net “rückschrittlich und kontraproduktiv”, meng Gedanke si progressiv, am Sënn vun de Familljen a fir de fräie Choix vun de Familljen.

 

Fred KEUP

Deel dëse Post: