Fir an d’Sauna oder schwammen ze goen, mussen déi Diddelenger op Beetebuerg fueren

Bei den Diskussiounen iwwert de Budget 2013 stoung  zu Diddeleng och den neien Centre sportif Hartmann op der Dagesuerdnung. Den neie Centre Hartmann begräift zwee Spillterraine fir ënner anerem Handball, Basket an Volleyball an huet 700 Sëtzplazen. Et ass e grousse Fitnessstudio virgesinn, eng Kloterwand, eng Tartanbunn fir Sprinten ze üben an do derniewent e Schwammbaseng. De Käschtepunkt beleeft sech op 21 Milliounen. D’ADR huet sech aus zwee Grënn bei dësem Projet enthalen: de Public ka wéinst de Schoulklassen an de Clibb nëmmen an engem begrenztene Mooss vun der Schwämm profitéieren an et ass kee Saunaberäich virgesinn.

A senger Interventioun ass den ADR-Gemengeconseiller Marc Schiffmann op d’Schwächte vum Projet agaangen. Mat 19 000 Diddelenger Awunner wier genuch Potential do fir eng Sauna. Och fir d’Clibb, déi an der Hal trainéieren, wier et ideal, wann se nom Training  eng Sauna benotze kéinten. D‘ADR huet och gefrot, wéi vill Prozent vun den Ëffnungszäite vun der Schwämm fir de Public virgesinn ass.

A senger Äntwert  huet den Här Buergermeeschter sech als Fervente Géigner vun enger Sauna geoutet. Et wier keen Erliefnisbad mat Wellness, mä et wier eng Sport- a Schoulschwämm. Wat dann un Zäit géif bleiwen, wier fir de Public virgesinn.  Fir dat ze maachen, hätt missten en zweete Basseng  gebaut ginn, an et géifen an der noer Géigend Wellnessschwämme ginn.

De Marc Schiffmann huet nach eemol präziséiert, datt d’ADR net no enger Erliefnissschwämm mat Rutschbunnen an enger Wellnesslandschaft gefrot huet, mä no enger Schwämm, déi fir de Bierger zu normalen Auerzäiten op ass an e normale Saunaberäich huet, esou wéi dat zum Beispill zu Beetebuerg de Fall ass.

De Sportschäffen huet nach gemengt, datt an deene leschte Joren d’Nofro fir an der gedecktener Schwämm ze schwammen net all ze grouss war.

D’ADR geet dovunner aus, datt de Sportschäffen an de leschte Joren net méi an der Schwämm war: d’Waasser- an d‘Raumtemperatur war alles anescht wéi angenehm, d’Sanitäranlagen an d’Ëmkleedkabinne waren duerch Vandalismus esou zerstéiert, datt nëmmen e Minimum vun Dieren an de Schief waren, de falsche Plafong war zum Deel erofgerappt an d’Kabele waren siichtbar.  Datt an esou enger Schwämm d’Nofro net grouss ass kann een novollzéien.

Zu Diddeleng gëtt vill fir de Clubsport gemeet, wat d’ADR och ënnerstëtzt. De Breedesport bleift  op der Streck an dobäi spillt en an der Präventivmedezin, besonnesch Schwammen oder Saunéieren, eng grouss Roll.

D’ADR huet sech bei dësem Projet enthalen. Wa jidderee matfinanzéieren däerf, da soll och jidderee profitéiere kënnen.

Deel dëse Post: