Filmfong: Propaganda fir d’Regierung?

Foreign Affairs“ an „An zéro: Comment le Luxembourg a disparu“ krute finanziell Ënnerstëtzung vum nationale Filmfong, deen a staatlecher Hand ass an domat vu Steiergelder finanzéiert gëtt. A béide Filmer hu Regierungsmemberen aktiv matgewierkt, wat hinnen natierlech eng Méiglechkeet a Bün ginn huet, fir sech no baussen ze profiléieren an domat Reklamm an eegener Saach ze maachen.

An den Ae vun der ADR ass dëst deontologesch méi wéi problematesch. Hei gëtt nämlech iwwert de Wee vu staatlech finanzéierte Kulturariichtungen eng Hannerdier opgemaach, fir parteipolitesch Intressien oder och eng Profiléierung vun eenzele politesche Personnagen ze promouvéieren. Esou kéinte Ministeren ongehënnert iwwer Steiergelder, déi fir kulturell Zwecker virgesi goufen, Reklamm fir sech an hir Politik maachen, wat schliisslech e Mëssbrauch vun ëffentleche Gelder wier.

Aus deem Grond huet d’ADR an engem oppene Bréif, den 18. Mee 2021, den Här Premierminister gebieden, déi fir d’Regierung zoustänneg Deontologiekommissioun ze saiséieren an hiren Avis an dëser Saach ze froen.

 

Deel dëse Post: