Fiktiv Steierrechnunge fir eis landwirtschaftlech Betriber

Fir eis landwirtschaftlech Betriber huet dat neit Joer mat engem béise Schreck ugefaangen. Op eemol goufen hinne reieweis Bréiwer vun der Douane zougestallt, fir Steieren op Steieren ze bezuelen, déi et guer net gëtt. Vun offizieller Säit huet et schliisslech geheescht, déi Bréiwer wieren iertemlech verschéckt ginn. Fir d’Betriber bedeit et trotzdeem en zousätzlechen Opwand, wärend si bei engem änleche Feeler vun hirer Säit, warscheinlech mat schwéiere Konsequenze misste rechnen. De Fred Keup an d’Lexy Schoos wëlle vum Här Finanzminister wëssen, wéi et zu dësem peinleche Virgang konnt kommen.

Deel dëse Post: