FFP2-Mask: Schiedlech fir d’Gesondheet?

Déi sougenannten FFP2-Mask ass eng vun den Otemschutz-Masken déi hei zu Lëtzebuerg, am Kader vun der sanitärer Kris, vu ville Leit am Alldag genotzt gëtt, déi huet awer, laut Robert Koch Institut, eng Rei Nodeeler. Grad wéi déi däitsch Bundesregierung berifft sech och  d’Lëtzebuerger Regierung reegelméisseg op aktuell Donnéeë vum R.K.I. Niewent de medezineschen OP-Maske soll d’Droe vun der FFP2-Mask, nom däitsche Bundesland Bayern, a ganz Däitschland Flicht ginn. Dat am ëffentlechen Transport grad wéi an de Butteker. Dobäi ass et verwonnerlech datt de Robert Koch Institut,  op senger Internetsäit dovunner ofréit fir d‘FFP2-Mask am Alldag ze benotzen. Fakt ass datt d’FFP2-Masken, virun der Corona-Kris, nëmmen am medezinesche Beräich agesat gi sinn. Et stellt sech, ënnertaanerem, déi grouss Fro ob d’Regierung d’Leit hei am Land iwwert méiglech Niewewierkunge beim Droe vun dëser Mask informéiert.

Deel dëse Post: