Fernand Kartheiser: Srebrenica éieren an haut nach doraus léieren

De 9. Juli huet d’Chamber eng Resolutioun ugeholl fir un de Massaker vu Srebrenica am Balkankrich ze erënneren. D’ADR, mat hirem Riedner Fernand Kartheiser, huet déi Resolutioun ënnerstëtzt. Mä den Debat war och eng Geleeënheet fir kritesch Téin. Grad d’EU huet aus nationalen Interesse vu senge Memberstaten do vill verkéiert gemaach. De Fernand Kartheiser huet awer besonnesch ee Widdersproch mat ganz aktuellem Bezuch erausgestrach: D’EU-Politik am Balkan huet sech beruff op d’Selbstbestëmmungsrecht vun de Vëlker an dat iwwert d’territorial Integritéit vun Ex-Jugoslawie gestallt. Haut stellt se am Fall vun der Ukraine den Territoire iwwer d’Selwerbestëmmung, argumentéiert de Fernand Kartheiser.

Deel dëse Post: