Fernand Kartheiser: Ethesch Regelen bei Organspenden wichteg

An der Chamber, den 20. Mee 2015, huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser nach eemol ënnerstrach, datt dat Wichtegst bei der Fro vun den Organspenden d’ethesch Prinzipie sinn an datt ni de kommerziellen Aspekt däerf am Vierdergrond stoen. Dat neit Gesetz wär eng Verbesserung mä et wär nach net perfekt. Am Kontext vum Referendum huet hien och d’Kontradiktioun ënnerstrach, datt d’Regierung zwar wëll Jugendleche mat 16 Joer d’Walrecht ginn, awer am Organspendegesetz Mannerjährege verbitt, Organer ze spenden … fir se kenge Pressiounen auszesetzen a se ze schützen.

Deel dëse Post: