Fernand Kartheiser: Drama am Mëttelmier

Trotz dem Drama am Mëttelmier erënnert den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser un d’rechtlech Situatioun. Hëllef ass elo zwar wichteg, awer et sollt ee net ënner emotionalem Drock all Grenzen opmaachen, sot hien de 29. Abrëll an der Chamber. Et wär och traureg, datt dat Leed vu Flüchtlinger géing instrumentaliséiert ginn fir esou Fuerderungen ze stellen, déi net rechtstaatlech wären. De Fernand Kartheiser huet plädéiert, de Leit ze hëllefen, awer d’Kontroll ze behalen wat Awanderung ugeet. Wirtschaftlech Flüchtlinger, déi net aus Krichsgebidder kommen an doheem net verfollegt ginn,  hätten nun eemol kee Recht, op Lëtzebuerg ze kommen. All Land hätt e Recht, ausserhalb vun enger aussergewéinlecher Kriis ewéi elo am Mëttelmier, Leit a sengem legale Kader opzehuelen. Hien huet un Australien erënnert, dat seng Grenzen zougemaach huet. Den Bausseminister Asselborn huet déi australesch Politik dunn schaarf verurteelt.

Deel dëse Post: