Fernand Kartheiser: zur Lag vun der Natioun 2016 [Videoen]

E Mëttwoch an en Donneschdeg huet de Fernand Kartheiser zu verschiddenen Themen zur Lag vun der Natioun Stellung bezunn.

Eng 1. Kéier goung et em Integratioun,Baussepolitik, Familljepolitik, Quoten an der Politik, Kulturpolitik.

An der Integratiounspolitik huet hien de Wëllen a Fro gestallt iwwer d’Lëtzebuergescht ze integréieren. Hien huet festgestallt, datt d’Burkas-Gesetz vun der ADR iwwer e Joer vun de Grénger Partei am Tirang leie gelooss gouf. Elo war ze héieren, d’juristesch Kommissioun géing op den Avis vum Staatsrot iwwer dat anert Burkas-Gesetz waarden, dat d’CSV ee Joer no der ADR eraginn huet. Den Avis fir den ADR-Virschlag ass scho laang do awer d’Gesetz gëtt schleefe gelooss.

Den Tierkei-Deal schéingt der Regierung net ze gefalen. Firwat mécht si en dann, freet de Fernand Kartheiser, deen an der Flüchtlingspolitik d’Scheitere vun der EU vu vir era gesinn huet.

Fir de Choix an der Familljepolitik plädéiert d’ADR. D’Regierung fënnt de Choix iwwerflësseg, well si weess wat d’Famillje brauchen. Just d’Familljen si net all d’accord mat deem, wat d’Regierung mengt ze wëssen. Grad wéi d’Parteie net dierften iwwer d’Parteiefinanzéierung erpresst ginn, fir eng Quoteregelung anzeféieren, déi der Regierung eleng gefällt. Oder wéi eng Kulturpolitik, déi sech net em de Lëtzebuerger Patrimoine këmmert, och dee Numm net verdéngt. Eng Regierung vun der Kulturlosegkeet, esou de Fernand Kartheiser.

Bei der 2. Interventioun huet de Fernand Kartheiser  ënner anerem dës Themen ugeschnidden: Reform vun der Verfassung, Lëtzebuergesch als Integratiounssprooch beim Nationalitéitegesetz, Sécherheet (mat Arméi, Police…), awer och de Schutz vum Kand, dëst am Zesummenhang mat der „Leihmutterschaft“.

Deel dëse Post: