Fërdert d’Regierung Drogekonsum an Depressiounen?

Säit dem 17. Dezember gëllt zu Lëtzebuerg am Numm vun der Gesondheetspolitik op ville Plazen den 2G, dat souguer am Sport. Et ass een zwar gewinnt, datt d’Regierung weder an hirer COVID-Politik nach a soss engem Dossier grousse Wäert op Koherenz a Prezisioun leet, mee déi do Decisioun schléit dem Faass de Buedem aus. Huet Gambia II Lëtzebuerg carrement an eng Fräiloftpsychiatrie verwandelt? Wéi vill Leit, besonnesch Jonker wäerten an den nächste Wochen eng erhéicht Gewaltbereetschaft, de Konsum vu gesondheetsschiedleche Substanze bis hin zu illegalen Drogen an Depressiounen opweisen, well dee wichtege kierperlechen Ausgläich am Alldag komplett feelt?

Deel dëse Post: