Feinstëps: eng Fro vum Gewiicht

An enger gemeinsamer Fro hun d’Deputéierte Fernand Kartheiser a Fred Keup op en Artikel vum fréiere sozialistesche Minister Robert Goebbels reagéiert. Et geet ëm de Feinstëps, dee beim Stroosseverkéier entsteet duerch d’Ofnotze vu Pneuen a Bremsplaketten. Eng Form vun Ëmweltbelaaschtung, déi duerch d’Gewiicht vun E-Autoen eventuell verschlëmmert gëtt.

Fro

An engem Artikel am  Tageblatt (“Die Zukunft durch Verbote gestalten”,  3. Januar 2023) schreift de fréiere sozialistesche Minister Robert Goebbels ënnert anerem och iwwer Feinstëps. Feinstëps ass ëmmer am natierlechen Ëmfeld, gouf awer an Diesel-Diskussioune vill als Argument géint de Verbrennungsmotor gebraucht. Tatsächlech bréngt d’Mobilitéit Feinstëps haaptsächlech duerch d’Ofnotze vu Pneuen a Bremsplaketten. Grad dës zwee Elementer sinn awer bei Elektroautoe mat hirem héije Gewiicht besonnesch signifikant.

An dësem Kontext wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Wéi steet d’Regierung zu méi strenge Feinstëpsnormen op EU-Niveau, déi den Här Goebbels a sengem Artikel uschwätzt? Ass dat wëssenschaftlech vertrietbar? Sinn déi ëmstridde Moossmethoden a -standuerter gekläert? Ass zweifelsfräi gekläert, wéi vill Feinstëps natiiirlech a wéi vill mënschgemaach ass? Kann d’Regierung d’Informatioun bestätegen, datt déi 72 Statiounen zu Lëtzebuerg keen Iwwerschreide vun den aktuellen Norme gemooss hunn?
  2. Spillt d’Gewiicht vun den Elektroautoe beim Produzéire vu Feinstëps duerch Pneuen a Bremsplaketten eng entscheedend Roll?
  3. Ass d’Pneue-Steier eng satiresch Prophezeiung vum Här Goebbels oder gëtt et konkret Projeten?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vun der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, vun der Madamm Gesondheetsministesch an vum Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op d’parlamentaresch Fro n° 7444 vum 5. Januar 2023 vun den honorabelen Deputéiert Här Fred Keup an Här Fernand Kartheiser iwwert “Particules fines“

 

  1. Wéi steet d’Regierung zu méi strenge Feinstëpsnormen op EU-Niveau, déi den Här Goebbels a sengem Artikel uschwätzt? Ass daat wëssenschaftlëch vertiedbar? Sinn déi emstridde Moossmethoden a –standuerter geklärt? Ass zweifelsfräi geklärt, wéi vill Feinstëps natiiirlech a wéi vill mënschgemaach ass? Kann d‘Regierung d’Informatiounen bestätegen, datt déi 72 Statiounen zu Lëtzebuerg keen Iwwerschreide vun den aktuellen Normen gemoos hunn?

 Den Impakt vum Feinstëbs op d’Gesondheet ass wëssenschaftlech beluecht an et ass och wäitleefeg akzeptéiert dass de Feinstëbs (virun allem Partikelen vun 2,5 µm) de Faktor vun der Loftverschmotzung ass, den de gréissten negativen Impakt op d’Gesondheet vum Mënsch huet.

Wat d’Partikelen méi kleng sinn (2,5 µm an méi kleng), wat se méi déif an d’Longen kënnen antrieden an och esouguer an d’Blutt an dann am ganze Kierper verdeelt ginn. Dëst ass net de Fall fir Partikelen vun 10 µm déi just déi iewescht Otemweeër kënne besiedelen. D’chemesch Kompositioun spillt och eng wichteg Roll. De Feinstëbs ass e komplext Thema an déi Partikelen déi beim Autofueren produzéiert ginn (Verbrennung, Bremsen, Kontakt vun de Pneuen mat der Strooss) hu verschidde Gréissten an och chemesch Kompositiounen.

Eng Expositioun kann en Effekt op d’cardiovasculaire Gesondheet hunn an domat de Risiko fir en Hireschlag (AVC) oder en Häerzinfarkt ze kréien, erhéijen, awer och zu Kriibs féieren an chronesch respiratoresch Krankheeten verursaachen oder verstäerken.

Richtwerter vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO):

Am Joer 2021 huet d’WHO nei Richtwerter eraus bruecht fir d’Faktoren déi d’Loftqualitéit beaflossen. Des Richtwerter si baséiert op enger systematescher Analyse vun wëssenschaftleche Publikatiounen déi den Impakt vun der Loftverschmotzung op d’Gesondheet beschreiwen. D’Anhalen vun dëse Richtwerter gengen et erlaben d’Risikoen ze reduzéieren an d’Gesondheet vun der Population laangwiereg zu schützen.

Fir kënnen d’Objektiver vum Green Deal an dem „Zero pollution action plan“ ze realiséieren, iwwerleet d’Europäesch Union elo wéi d’Direktiven kënnen un d’Richtwerter vun der WHO ugepasst ginn fir d’Risikofaktoren laangfristeg esou ze reduzéieren dass d’Gesondheet vun der Populatioun geschützt ka ginn.

De Graphique hei ënnendrënner weist d’Evolutioun vun virzäitechen Doudesfäll déi duerch Expositioun zu PM2.5 (particulate matter of 2.5 µm) Konzentratiounen ausgeléist ginn déi iwwert den Richtwerter vun der WHO léien (et handelt sech heibäi em Estimatiounen). Fir eng Reduktioun vun 55% vun virzäitechen Doudesfäll par Rapport zum Joer 2005 ze erreechen (Ziel vum Zero pollution action plan), musse weiderhin vill Efforten geleescht ginn fir d’Emissiounen vun den PM2.5 Partikelen kontinuéierlech ze reduzéieren.

Ouni eng Adaptatioun vun den europäeschen Direktiven ass et der WHO no an den Analysen vun der europäescher Ëmwelt Agentur (EEA) no, onwahrscheinlech dass eng weider Reduktioun vun der Expositioun zum Feinstëbs kann erreecht ginn an domat e Gesondheetsschutz ka garantéiert ginn.

The continue line shows the number of premature deaths attributed to exposure to PM2.5, in the period 2005-2020.

 The dotted line shows the estimation of the evolution in the number of premature deaths attributed to PM2.5 assuming a linear trend in the time series 2005-2020. The horizontal line represents the Zero Pollution Action Plan target for 2030: 55% of the premature deaths in 2005. The 2030 ZPAP target would be attained in 2026, when the horizontal and dotted lines cross.

 Wat « d’particules ultrafines » ugeet, ginn et nach keng Richtwerter vun der WHO, well et nach net genuch wëssenschaftlech Etuden ginn déi den Impakt op d’Gesondheet konkret analyséieren. D’WHO recommandéiert awer dass een déi Partikelen och soll moossen a gëtt preliminär Valeuren un déi een héijen oder nidderegen Niveau uweisen.

Et gëtt vill verschidde Sourcen déi Feinstëbs produzéieren wéi den Diagramm hei ënnendrënner vun der EEA (European Environmental Agency) weist.

Den Diagramm weist dass de Feinstëbs (PM2.5 an PM10) am allgemengen an Europa haaptsächlech duerch d’Industrie an d’Wunnhaiser produzéiert gëtt. Den Trafic dréit méi e klengen Deel dozou bäi. Do gëtt et awer vu Land zu Land Ënnerscheeder.

Niewent dem mënschegemaachte Feinstëbs sinn di natierlech Sourcen Bëschbränn, Vulkanausbréch, an zum Beispill Verwehungen vun Saharastëbs, den Dausende vu Kilometer kann weider gedroe ginn.

Natierlech Feinstëbsproduktioun ass net negligeabel an ka vu Land zu Land verschidden sinn esou wéi och déi menschegemaachte Feinstëbsproduktioun. Fir de kumulativen Effekt ze verréngeren ass et wichteg d’mënschegemaachten Feinstëbsproduktioun ze reguléieren an esou vill wéi méiglech ze reduzéieren.

Op EU-Niveau sollen ënnert anerem méi streng Feinstëbs Normen bei den Stroossen Gefierer duerch d’EURO 7 Norm ab 2025 agefouert ginn. De Virschlag befënnt sech am Moment an der europäescher Consultation Publique.1 An dësem Virschlag sollen och d’Elektrogefierer mat abezunn ginn, fir den

1 https://ec.europa.eu/info/law/better-regulation/have-your-say/initiatives/12313-Europaische-Normen-fur-Fahrzeugemissionen-Euro-7- fur-Pkw-leichte-Nutzfahrzeuge-Lastkraftwagen-und-Busse_de

Feinstëbs vum Pneuen- an Bremsofriff erof ze drécken, well des mëttlerweil déi Haaptquellen vun Partikel Emissiounen bei Gefierer sinn (cf Äntwert op Froo 2).

Zu Lëtzebuerg gëtt de Feinstëbs (PM10 an PM2.5) op 8 Miessstatiounen uechtert d’ Land gemooss. Heifir ginn déi vun der EU Loftqualitéitsdirektiv virgeschriwwen Miessmethoden applizéiert. Dës geschitt ënnert anerem un sougenannten Traffikstatiounen, wou den Feinstëbs haaptsächleg vum Brems- an Pneuenofriff hier staamt.

Lëtzebuerg hällt d’Grenzwerter fir den Feinstëbs aus der EU Loftqualitéitsdirektive an. Hei gëtt keen Ënnerscheed zwëschent natierlechem an mënschengemaachenem Feinstëbs gemaach.

2.    Spillt d’Gewiicht vun den Elektroautoen beim Produzéieren vu Feinstëps duerch Pneuen a Bremsplaketten eng entscheedend Roll?

 Den Undeel vun den Ofriff Emissiounen vun Autoen un de gesamten nationalen Feinstëbs Emissiounen war 2020 mat 9% relativ niddereg. Déi technologesch Entwécklungen vun de leschten Jorzéngten hunn sech virdeelhaft op den Feinstëbs Ausstouss vun Autoen mat Verbrennungsmotor – besonnesch duerch d’ Partikelfilteren bei Diesel Autoen an awer och Autoen déi mat Benzin bedriwwen ginn – ausgewierkt. Duerch des Entwécklung entsteet aktuell de Gros vun den Strosseverkéiersbedéngten Partikel-Emissiounen duerch den Ofriff vun Pneuen an Bremsen, den natierlech och bei Elektro- Gefierer stattfënnt. D’Bild 1 weist d’Entwécklung vun de gesamten PM10 Emissiounen (PM10 = Partikelen mat engem Duerchmiesser <10µm) am Lëtzebuerger Stroosseverkéier säit 1990 (gro Linn), an d’Feinstëbs Emissiounen duerch Ofgas-Emissiounen (blo Linn) respektiv Pneuen- a Bremsofriff (orange Linn) vun Autoen. Während d’Ofgas Emissiounen vun den Autoen déi lescht 20 Joer – trotz der steigender Unzuel vun Gefierer – kontinuéierlech erofgaangen sinn, hunn d’Ofriff Emissiounen duerch Pneuen a Bremsen zougeholl a leien säit 2012 iwwer den Ofgas Emissiounen.

Onofhängeg vun der Motorisatioun huelen d’Feinstëbs Emissiounen duerch Pneuen- a Bremsofriff mam Gewiicht vum Gefier zou2. En Elektroauto ass an der Moyenne 300kg méi schwéier wéi en Verbrenner mat ähnlechen Dimensiounen3. Dat zousätzlecht Gewiicht vun engem Elektroauto huet en direkten Afloss op d’Ofriff-Emissiounen. Allerdéngs gëtt de Bremsofriff bei Elektroautoen duerch dat regeneratiivt Bremsen reduzéiert, sou dat een dovun ausgoen kann datt an der Somme Emissiounen vun Brems- an Pneuen Ofriff bei Verbrenner- an Elektroauto identesch sinn. Wéi an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n° 3291 vum 11. Dezember 2020 am Detail erkläert, huet d’OECD 2020 an hirem Bericht4 konstatéiert, dass d’PM10 Emissiounen duerch den Ofriff bei 100% Elektroautoe 5-19% méi niddereg sinn wei bei Autoe mat Verbrennungsmotor. Bei de PM2.5 Ofriff- Emissioune sinn d’Ënnerscheeder méi kleng, woubäi an der Moyenne déi liicht 100% Elektroautoen ënnert de Wäerter vun Autoen matVerbrennunsmotoen léien an déi méi schwéier Gefierer sech liicht driwwer usidelen. Ausserdeem ass ze erwaarden, dass souwuel Brems- wéi Pneuen-Hiersteller sech an deenen nächste Joren intensiv mat dëser Thematik beschäftegen wäerten an zukënfteg

2 Farzan Oroumiyeh, Yifang Zhu, Brake and tire particles measured from on-road vehicles: Effects of vehicle mass and braking intensity, Atmospheric Environment: X, Volume 12, 2021, 100121, ISSN 2590-1621, https://doi.org/10.1016/j.aeaoa.2021.100121

3 David C.S. Beddows, Roy M. Harrison, PM10 and PM2.5 emission factors for non-exhaust particles from road vehicles: Dependence upon vehicle mass and implications for battery electric vehicles, Atmospheric Environment,

Volume 244, 2021, 117886, ISSN 1352-2310, https://doi.org/10.1016/j.atmosenv.2020.117886

4 OECD, Non-exhaust Particulate Emissions from Road Transport, 2020, https://www.oecd.org/environment/non-exhaust-particulate- emissions-from-road-transport-4a4dc6ca-en.htm

technologesch Entwécklungen eng Reduktioun vun Ofriff Emissioune wäerten méiglech maachen.5 Dëst wäert, wéi schonn an der Äntwert op d’Fro 1 ernimmt, warscheinlech och duerch déi méi streng EURO 7 Norm bekräftegt ginn.

3.  Ass d’Pneue-Steier eng satiresch Prophezeiung vum Här Goebbels oder gëtt et konkret Projeten?

 Wéi uewen ernimmt gëtt d’Thematik vun de Feinstëbs-Emissiounen am Transportsekteur grad am Kader vun der Propose fir déi néi EURO 7 Norm behandelt. Dësen Usaz fir domadder d’Hiersteller vu Gefierer, Bremsen a Pneue fir den europäesche Marché an d’Verantwortung ze huelen ass sécherlech ee sënnvollsten Usaz fir ze garantéieren datt bei néie Gefierer d’Gesamt-Feinstëbs-Emissioune weider erof wäerte goen.

Deel dëse Post: