Fäll vun Huesepescht

Hei eng dréngend parlamentaresch Fro vum Alexandra Schoos:

 

Här President,

esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an un d’Madamm Agrarminister weiderzeleeden.

Wéi aus engem haitege Facebookpost vun der Fédération Saint-Hubert des Chasseurs du Grand-Duché de Luxembourg ervirgeet, schéngt d’Tularämie (Huesepescht) zu Lëtzebuerg ukomm ze sinn. De Grond vun dësem Facebookpost ass, datt en Hond am Raum Jonglënster all Symptomer vun där Krankheet opgewisen huet.

Et ass gewosst, datt Tularämie duerch d’Bakterie Francisella tularensis Infektiounkrankheeten erreegt, déi vum Hues, respektiv Nagedéier op de Mënsch kënnen iwwerdroe ginn.

Aktuell leie keng Zuele vir, wat d’Ausmooss vun der Tularämie hei zu Lëtzebuerg ubelaangt.

Dofir stellen ech gär follgend Froen un d’Madamme Minister:

    1. Sinn déi zoustänneg Ministeren iwwert de Fall informéiert ginn, a wa jo, wat sinn d’Mesuren, fir dësem Phenomen entgéintzewierken?
    2. Sinn d’Veterinären duerch iergend eng Form vu Kommunikatioun informéiert ginn?
    3. Ass d’Bevëlkerung doriwwer informéiert ginn, respektiv déi Leit, déi am meeschte betraff sinn?
    4. Si preventiv Moossname schonn ausgeschafft ginn, a wa jo, sinn déi matgedeelt ginn?
    5. Wann net, wat ass de Preventiounsplang, respektiv de Biosécherheetsplang, fir d’Déieren an d’Risikobevëlkerung ze schützen ?
    6. Wévill Fäll vu Tularämie hei zu Lëtzebuerg sinn dem Minister bekannt, a wa jo bäi wat fir engen Déieren?
    7.  Ginn et schonn Informatioun zur Infektioun mam Mënsch hei zu Lëtzebuerg?
    8. Wéi sinn d’Statistiken iwwer Tularämie an der Groussregioun bei Déieren a beim Mënsch?

Mat déiwem Respekt,

Alexandra Schoos

Deputéiert

Deel dëse Post: