Fäert d’Regierung Ausschreidungen um Kierchbierg?

E Freideg soll den Europäesche Geriichtshaff iwwert eng méiglech Schléissung vun enger vun deene gréisste, polnesche Kueleminnen entscheeden. Déi dausende, betraffen Aarbechter si schwäiwëll a sollen no verschiddenen Informatiounen mat Busse bis op Lëtzebuerg kommen, fir ze manifestéieren. An deene leschte Méint koum et a villen europäesche Länner zu Spannungen, well d’Leit déi duerch déi Gréng Politik verursaachten Energiepräisser einfach net méi bezuele kënnen. Et ass net auszeschléissen, datt d’Roserei vun de polneschen Aarbechter net och a Gewalt wäert ëmschloen. Mënschlech verständlech, mee en Albdram fir eis Police, déi fir déi Gréng Politik muss de Kapp duerhalen. Wéi steet d’Regierung zu dëse Virgäng?

Deel dëse Post: