EYC Freedom Summit zu Cambridge (UK)

Vum 4. bis de 6. September 2015 ass d’ADRenalin, déi jonk adr nees op de Freedom Summit 2015 op Cambridge gereest, wou si um Churchill Collegue e kollegiale Weekend mat den europäeschen an internationale konservative Jugendorganisatioune verbruecht huet. Dës Weekender, déi vun der EYC (European Young Conservatives), der Jugendorganisatioun vun der AECR (Alliance of European Conservatives and Reformists) organiséiert ginn, sti ganz am Zeeche vun engem Europa vun de souveränen a fräie Natiounen. Vertruede war d’ADR-Jugend, duerch de Nationalpresident Joe Thein, an d’Komiteesmemberen Nathalie Breyer, Tom Agnes a Melvin Zimmer. Op dësem Event konnt d’Jugendorganisatioun hir Partnerschaften an der Welt verdéiwen, an nei Iddien a  Strategieen fir hirt politesch Wierken zu Lëtzebuerg, mat heem huelen.

adrenalin eyc 2015

Deel dëse Post: