Extern Mataarbechter vun der ENEPS – weider oppe Froen

Am Kontext vun den externe Mataarbechter vun der ENEPS huet de Jeff Engelen schonn zwou parl. Froe gestallt. Et bleiwen awer nach puer oppe Froen.

Fro:

Ech kommen zréck op d’Äntwerte vum Här Minister op meng parlamentaresch Froen Nr. 7819 an Nr. 8040 iwwer extern Mataarbechter vun ENEPS.

An deem Zesummenhank hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  1. No der Meenung vum Här Minister sinn d’Regierungsbeschlëss vun 2001, 2015 resp. 2022 intern Dokumenter. Laut Verfassung si Gesetzer, Reglementer an allgemeng administrativ Decisioune réischt mat der Verëffentlechung an der gesetzlech bestëmmter Form verbindlech. Kann den Här Minister soen, wéini déi mentionéiert Regierungsbeschlëss am Memorial publizéiert goufen? Wann dat net de Fall sollt sinn, wéi erkläert den Här Minister dëst Versäumnis, dat besonnesch d’Validitéit vum Regierungsbeschloss vun 2022 ënnergrueft? Kann den Här Minister confirméieren, datt am Fall vun enger Net-Publikatioun vun de besote Regierungsbeschlëss d’Bestëmmunge vun der Verfassung net respektéiert goufen an datt déi mentionéiert Regierungsbeschlëss, an notamment dee vun 2022, net applizéierbar sinn?
  2. Déi mentionéiert Regierungsbeschlëss gëllen anscheinend och fir d’Assistenztrainer vun den Ausbildungszentere vun de Sportverbänn, déi vum Sportslycée koordinéiert ginn. Kann den Här Minister dat confirméieren? Wa jo, kann den Här Minister déi, och laut Verfassung, betreffend noutwendeg gesetzlech a reglementaresch Basis am Joer 2022 uginn?
  3. Eng legal Basis gouf viru Kuerzem per Gesetz geschaaft. Wéi wëll de Minister an deem Kontext déi verfassungsrechtlech Awänn vum Staatsrot ëmgoen? Dat gëllt souwuel fir d’ENEPS wéi och fir d’Entschiedegunge vun den Assistenztrainere vun de Sportverbänn.
  4. Wat d’Formule betreffend d’Iwwerstonnereegelung ugeet, gëtt den Här Minister a senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nr. 7819 fir 225 Punkten e Stonneloun, laut Formule, vu 40,36 Euro un. Laut senger Äntwert op d’parl. Fro Nr. 8040 gëtt de Stonneloun fir 560 Punkte mat 123,89 Euro uginn. Ass et méiglech, datt bei mentionéierter Berechnung iertemlecherweis de sougenannten „méi héijen“ Punktwäert berechent gouf an de besote Stonneloun eigentlech 38,22 Euro ausmaache misst? Dat selwecht gëllt fir d’Beispill mat de 560 Punkten, woubäi hei  den eigentleche Stonneloun 95,12 Euro misst sinn. Kann den Här Minister dat confirméieren? Wa jo, wat wëll de Minister maachen, fir dësen Iertum ze behiewen?

Äntwert:

  1. Dëst kann esou net confirméiert ginn. Regierungsbeschlëss mussen net am Journal officiel
    verëffentlecht gi fir dass se applizéiert kënne ginn.
  2. Jo, di mentionéiert Regierungsbeschlëss hunn och fir d’Assistenztrainer aus den Ausbildungszentre vun de Sportverbänn am Sportlycée gegollt. Déi gesetzlech a reglementaresch Basen op deenen de Regierungsbeschloss vun 2022 geholl gi war, ware folgend:
    – Loi modifiée du 16 avril 1979 fixant le statut général des fonctionnaires de l‘Etat
    (art. 23) ;
    – Loi modifiée du 29 novembre 1988 portant organisation de la structure administrative
    de l’éducation physique et des sports ;
    – Loi modifiée du 3 août 2005 concernant le sport ;
    – Loi modifiée du 21 juillet 2012 portant création du Sportlycée ;
    – Règlement grand-ducal du 13 avril 1984 déterminant les conditions et modalités de
    l’allocation de l’indemnité spéciale prévue à l’article 23 de la loi modifiée du 16 avril
    1979 fixant le statut général des fonctionnaires de l’État ;
    – Règlement grand-ducal du 16 janvier 1990 portant restructuration des cours de
    formation des juges et arbitres dans l’intérêt des fédérations et sociétés sportives ;
    – Règlement grand-ducal du 20 mai 2021 relatif à la détermination et à l’organisation des
    formations des cadres techniques et administratifs pour les différentes formes
    d’activités sportives.
  3. No Analys vun den Avis’e vum Staatsrot zu deene genannten Texter gouf all Opposition
    formelle Rechnung gedroen an entspriechend de Suggestioune vum Staatsrot ugepasst.
  4. Wéi an der Question parlementaire N°8040 geschriwwen, gëtt de Stonneloun
    folgendermoossen berechent:
    Nombre de points indiciaires x valeur du point indiciaire x (nombre indice:100) x (1:22) x
    (1:52).
    Konform zu den Texter, déi an deem Kontext am Abrëll 2023 en vigueur waren, entsprécht
    dëst bei engem Beispill vu 560 Punkten, 123,89 Euro brutto.
    Hei um Beispill vu 560 Punkten eng konkret Uwennung vun deene verschiddenen Indicen, wéi
    se konform zum Code vun der Fonction publique benotzt musse ginn:
    560 x (2,2889833*12) x (921,4/100) x (1:22) x (1:52) = 123,89 Euro
    An der Äntwert op déi parlamentaresch Fro N°7819 wou de Stonneloun bei “engem fiktive
    Beispill vu 5000 Euro Bruttoloun” gefrot gi war, war menge Servicer effektiv ee Feeler an der
    Ëmrechnung vum fiktive Bruttoloun op besote fiktive Stonneloun ënnerlaf. Dëse wier effektiv
    49,78 Euro an net 40,36 Euro. Well dëst awer just ee fiktiivt Rechebeispill war, wat ni konkret
    applizéiert ginn ass, hu mir mat dëser Richtegstellung den Iertum behuewen.
    Ofschléissend kann ee bemierken, dass zënter dem 15. September 2023 mam Akraafttriede
    vum modifizéierte Sportgesetz vun 2005 an zënter dem 1. Oktober 2023 mam Akraafttriede
    vum INAPS Gesetz déi uewe genannte komplex Formele mat schwéier novollzéibaren
    ënnerschiddlechen Indicen net méi uwennbar sinn an d’Tariffer duerch folgend
    groussherzoglech Reglementer nei definéiert goufen:
    1. « Règlement grand-ducal du 29 août 2023 modifiant 1° le règlement grand-ducal du 20 mai
    2021 relatif à la détermination et à l’organisation des formations des cadres techniques et
    administratifs pour les différentes formes d’activités sportives et 2° le règlement grand-ducal
    du 16 janvier 1990 portant restructuration des cours de formation des juges et arbitres dans
    l’intérêt des fédérations et sociétés sportives ».
    2. « Règlement grand-ducal du 23 août 2023 déterminant l’indemnisation des intervenants dans
    les centres de formation fédéraux ».

 

Deel dëse Post: