Ewechrappe vun Ettelbrécker Gare ass eng Schan!

D’Regierung mécht Denkmalschutz just dann, wann et hir an de Krom passt! Wann en neie Projet gebaut soll ginn, an dofir eng al Gebailechkeet – a sief si nach sou schützenswäert – ewechgerappt muss ginn, huet d’Regierung en einfachen Trick: D’Gebai gëtt an deem Fall dann einfach net als schützenswäert klasséiert – eng Schan! A senger Interventioun vum 9. Juni betount den ADR-Nord-Deputéierte Jeff Engelen, datt d’ADR och dëse modifizéierte Gesetzesprojet, deen eben d’Ewechrappe vun der Gare virgesäit, net matdroe kann.

Deel dëse Post: