“Fir en Europa vun de Natiounen”, dat ass de Slogan, mat deem d’ADR an d’Europawale geet. E Slogan vun der Kontinuitéit, och eis europäesch Parteiefamill ACRE – Alliance of Conservatives and Reformists in Europe – huet ëmmer scho fir en Europa vun de souveränen Natiounen a géint en EU-Zentralismus plädéiert. 

Net nëmmen de Slogan, och d’Kandidate fir d’Europawalen huet d’ADR op hirer Pressekonferenz vum 7. Mäerz der Ëffentlechkeet virgestallt: Mam Nicky Stoffel, Sylvie Mischel, Tessy Brisbois, Fred Keup, Fernand Kartheiser a Gast Gibéryen gi sechs engagéiert a kompetent Kandidaten an d’Renne mat enger klorer Zilsetzung: Endlech en ADR-Politiker am Europäesche Parlament!