Europawalen 2024

FIR E STAARKT LËTZEBUERG AN EUROPA

Walprogramm

Komplett Versioun

EIS KANDIDATEN

Fernand Kartheiser
Spëtzekandidat

Gebuer den 30.9.1959
Gebuertsuert: Lëtzebuerg
Wunnt zu Féngeg (Kanton Capellen)

Funktiounen a Mandater
· Deputéierten
· Member vun der Lëtzebuerger parlamentarescher Delegatioun bei der OSZE, beim Europarot a bei der Baussen- a Sécherheetspolitescher Versammlung vun der EU
· Member vum Gemengerot Käerjeng

Ech hunn zu Bréissel, Montpellier a Wien studéiert. Vu Beruf wor ech bis 1989 Offizéier vun der Arméi an dono Diplomat. Bei verschiddene Lëtzebuerger EU-Presidencen hunn ech eng Rei Aarbechtsgruppe vum Conseil (Ministerrot) geleet. Ech wor och „Représentant permanent adjoint“ beim Conseil de l’Europe zu Stroossbuerg a bei der OSZE zu Wien. Dono wor ech Lëtzebuerger Ambassadeur a Griicheland, Rumänien an op Zypern. An der Chamber sinn ech zënter 2009 Member vun de baussepoliteschen a sécherheetspolitesche Kommissiounen. Ech vertrieden d’ADR an de Gremie vun der ECR, der Partei vun den europäesche Konservativen a Reformisten.

Jeff Engelen

Gebuer de 24.7.1953
Gebuertsuert: Heerlen (NL)
Wunnt zu Tratten (Kanton Klierf)

Funktiounen a Mandater
· Deputéierten
· Vertrieder vun der Chamber am Benelux-Parlament
· Vertrieder vun der Chamber am Conseil Parlementaire 

 

Ech koum am Alter vu 4 Joer an d’Land a sinn opgewuess zu Bärel an zu Téinten. No der Beruffsschoul hunn ech eng Léier als Automecanicien gemaach. Well meng Eltere vu Beruff Bauer waren, koum meng ganz Famill 1972 op Tratten, wou mir en Haff iwwerholl hunn. A menger Fräizäit engagéieren ech mech virun allem an de Beräicher Sport, Tourismus a Kultur. Als Auteur oder Coauteur hunn ech Bicher iwwer d’Lokalgeschicht vun Éisleker Dierfer erausbruecht. Zanter 1990 sinn ech Member vum Gemengerot Wëntger.

Sylvie Mischel

Gebuer de 14. Mäerz 1966
Gebuertsuert: Iechternach
Wunnt zu Féngeg (Kanton Capellen)

Funktiounen a Mandater
· Presidentin ADR Fraen
· Member vum Exekutivkommitee vun der ADR 

 

Ech hunn zu Bréissel, Metz, Lëtzebuerg an New York studéiert. Als industriellen Elektronikingenieur hunn ech zu Bréissel geschafft an dono zu Lëtzebuerg op enger däitscher Privatbank. Meng weider berufflech Karriär am Bankewiesen huet et mir erlaabt, no engem zousätzleche Master an der Ekonomie, an engem wichtegen ekonomesche Beräich vun der europäescher Integratioun ze schaffen. Zanter elo bal zéng Joer ass mir als Presidentin vun den ADR Fraen dru geleeën, zesumme mat mengem engagéierte Kommitee, wichteg politesch Themen unzepaken, ewéi z.B. an der Familljepolitik, der Gesondheetspolitik, der Sécherheet, der Sozialpolitik an der Bioethik.

Alex Penning

Gebuer den 30. Januar 1975
Gebuertsuert: Lëtzebuerg-StadWunnt an der Stad Lëtzebuerg am Quartier Belair, ass awer opgewuess (Spill- a Primärschoul) zu Stroossen

Funktiounen a Mandater
· Affekot um Stater Barreau zanter dem 11.07.2002, dat heescht säit bal 22 Joer
· Generalsekretär vun der ADR zanter Mäerz 2015 an zanter 1997 aktiv an der ADR
· Grënnungsmember vun der ADR Jugend (haut ADRenalin), mat enger éischter Kandidatur fir d’Legislativwalen 1999.

Bestuet a Papp vun zwee Kanner vu 7 resp. 1 Joer. Master am Droit privé (Mentioun: Professions judiciaires), Université Paul Verlaine zu Metz 2001. Eegen Etude um Belair. Mäin Hobby ass Kachen, a virun allem verbréngen ech déi wéineg Fräizäit, déi mir nach bleift, am léifste mat menger Famill. Ech war doriwwer eraus an der Année judiciaire 2013/2014 President vun der „Conférence du Jeune Barreau de Luxembourg“, vill Jore Riichter op der Cour d’appel vun der FLF a 14 Joer laang Kommiteesmember vum FC UNA Stroossen. Schlussendlech sinn ech zanter 2017 Member an der Kommissioun “contentieux, règlement et sécurité” vun der VDL. A punkto Europa läit mir am meeschten um Häerz, dass mer nees zu de Grondiddie vum Traité vu Roum vun 1957 kommen, an zwar e gëeent Europa sinn, awer wou all Land seng Identitéit a Souveränitéit behält, dat heescht wou nach ëmmer de Subsidiaritéitsprinzip soll spillen an e Konsens muss bestoe bleiwe fir eng gemeinsam Baussepolitik.

Alexandra Schoos

Gebuer den 13.5.1988
Gebuertsuert: Lëtzebuerg
Wunnt zu Bäerdref (Kanton Iechternach)

Funktiounen a Mandater
· Deputéiert
· Member vun der Lëtzebuerger Delegatioun bei der Assemblée parlementaire de la Francophonie
· Member vun der Lëtzebuerger Delegatioun bei der Assemblée parlementaire de l’Union pour la Méditerranée
· Member vun de Chamberkommissioune fir Landwirtschaft, Gesondheet, Logement, Kultur a Fonction publique

Ech hunn zu Wien, Bern a Gent studéiert. Am Kader vu menger veterinärmedezinescher Spezialisatioun op europäeschem Niveau hunn ech mech mat Direktiven a Reglementer haaptsächlech am Beräich vum Déiereschutz, der Déieregesondheet an der Santé publique befaasst an auserneegesat. A menger Zäit am veterinärmedezinesche Staatslabo war ech Vertrieder vu Lëtzebuerg a verschiddenen Aarbechtsgruppe bei der EFSA, bei der DG Santé wéi och a verschiddenen europäesche Referenzlaboen.

Nicky Stoffel

Gebuer: 7.12.1974
Gebuertsuert: Lëtzebuerg
Wunnt um Houwald (Kanton Lëtzebuerg)

 

Funktiounen a Mandater
· Member vum Staatsrot
· Member vun den ADR Fraen
· Member vum Exekutivkommitee vun der ADR




Ech hunn zu Stroossbuerg op der Université Robert Schuman Droit studéiert. Als Member vum Staatsrot hunn ech oft d’Geleeënheet, fir europäesch Texter ze analyséieren an ze iwwerleeën, wéi si a Lëtzebuerger Recht kënnen ëmgesat ginn.