Europa muss senge Bierger nolauschteren!

An Zesummenaarbecht mat der AECR, der der Allianz vun den europäesche Konservativen a Reformparteien, huet d’ADR e Samschdeg, den 23. Abrëll 2016 den „EU-Pefferkär“, als Annonce am Lëtzebuerger Wort, publizéiert. Am Haaptartikel gëtt ee vun de grousse Problemer vun der Europäescher Unioun ugeschwat: et gëtt net op d’Bierger gelauschtert! A wa schonns e Referendum gemaach gëtt, wéi elo an Holland, an d’Resultat fält net esou aus wéi eng Rei EU-Spëtzepolitiker sech et gewënscht hunn, da ginn d’Wieler fir domm verkaf.

Wéi sot duerzou de Lëtzebuerger Bausseminister Jean Asselborn, „Das Referendum ist kein geeignetes Instrument in einer parlamentarischen Demokratie, um komplexe Fragen zu beantworten.“ Op Lëtzebuergesch: d‘Wieler sinn ze domm, loosst alles vu Bréissel entscheeden!

D’ADR, genau wéi d’Parteien aus der AECR, vertrieden eng aner Usicht. D‘ADR setzt sech säit hirer Grënnung fir méi direkt Demokratie an. Dëst gëllt och fir europäesch Froen. D‘ADR fuerdert, datt bei all Ännerung vum Traité, bei weideren Oftriede vun nationaler Souveränitéit un Europa a fir all Ophuele vun neie Memberen an d‘EU, d‘Vollek – zu Lëtzebuerg wéi an deenen anere Länner – MUSS iwwer Referendum gefrot ginn.

D‘AECR an d‘ADR si géint e federaalt Europa. Si sti fir en Europa vun den Natiounen, wou op d‘Meenung vun all eenzelne Staat, an hire Bierger, gelauschtert gëtt. Déi aktuell Entwécklung an Europa weist, datt dëst dat eenzeg realistescht Konzept ass.

Deel dëse Post: