Dësen Artikel ass an der zweeter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.
No de Walen an Däitschland, a wie weess, vläicht nach vrun de Wale vum 20. Oktober zu Lëtzebuerg, op jiddefalls nach virum Enn vum Joer, ass en neien Hëllefsplang fir Griicheland fälleg. Ob e Scholdeschnëtt gemaach gëtt oder nei Kreditter accordéiert ginn, dës Fro gëtt wuel éischter zu Berlin gekläert. Awer Lëtzebuerg a seng Steierzueler si sécher dobäi, wann et eemol méi heescht: „Griicheland retten“.
D‘ADR hätt wéineger Problemer, Solidaritéit mat Griicheland ze weisen, wann éischtens de Griiche selwer – domadder sinn déi kleng Leit gemengt – gehollef géif an zweetens dës Hëllef net an e Faass ouni Buedem geschott géif. De Fall Griicheland – an all déi Dominossténg, déi duerno matgefall sinn – ass leider dat trauregt Beispill, wat geschitt, wann an Europa falsch Decisioune geholl ginn, Traitéen net respektéiert ginn (Stéchwuert Kritäre vu Maastricht), an doduerch Verflichtungen entstinn, déi als irreversibel duergestallt ginn.
An der Eurokris huet Lëtzebuerg, am Mee 2010, Griicheland e Prêt vu maximal 206 Milliounen Euro accordéiert. Dëse sollt 2018 zeréckbezuelt sinn; offiziell leeft en elo bis 2041. Méi wahrscheinlech ass, datt en op Mokuchsdag nach ëmmer fälleg ass. Dëst war awer nëmmen e bescheidenen Ufank.
Schonns am Juni 2010 huet Lëtzebuerg en Engagement fir Garantië fir den EFSF (den éischte Rettungsschierm) an Héicht vun 1,15 Milliarden Euro ginn. Dës Garantie, nëmmen den Undeel vu Lëtzebuerg, ass am September 2011 op 2 Milliarden Euro eropgesat ginn.
Och dëse Präbbeli war net dicht, an esou ass dunn den europäesche Stabilitéitsmechanissem ESM an d‘Liewe geruff ginn. Dës Kéier ass et mat Engagementer a Garantien net gedoen, do heescht et Cash an d‘Täsch! Lëtzebuerg, de Steierzueler, ass do mat 200 Milliounen Euro dobäi. D‘Gesamtkapital, wat kéint vu Lëtzebuerg am Kader vum ESM verlaangt ginn, beleeft sech op 1,75 Milliarden Euro, an dëst ass proportionell bei wäitem dee gréissten Undeel un dësem Fong.
An der Eurokris ass d‘CSV-LSAP Regierung Verflichtunge fir onst Land agaangen, déi bal en hallwe Staatsbudget ausmaachen! A bei villen, wann net allen, Decisiounen ëm den Euro war de Premier Jean-Claude Juncker bedeelegt, och wéi et drëms goung Griicheland an d‘Eurozon opzehuelen.
D‘ADR huet schonns am Juni 2011 konkret Léisungen op enger Pressekonferenz proposéiert, wéi Griicheland sech nees kéint op eegen economesch Féiss stellen: 1) d‘Griiche kréien en Deel vun de Scholden erlooss; 2) d‘Banke kréie gehollef, fir datt net eng nei Kris provozéiert gëtt; 3) Griicheland verléisst fräiwëlleg d‘Eurozon. Gëtt den Drachme nees a Griicheland agefouert, kann d‘Land seng Wärung un d‘economescht Ëmfeld upassen an esou nees eng gesond Economie opbauen.
Dës Léisunge sinn haut nach richteg. D‘ADR ass déi eenzeg Partei an der Chamber, déi ka verhënneren, datt aus der Eurozon e Faass ouni Buedem gëtt mat engem éiwege Transfermechanissem.