EU-Solidaritéit an eidel Verspriechen

Frankräich hat an de leschten Deeg vu senger EU-Presidence am Juni 2022 en europäesche Solidaritéitsmechanismus geschaf. 8.000 Flüchtlinger aus Italien an Griicheland sollte vun anere Länner opgeholl ginn. 20 Länner hun zwar heifir ënnerschriwwen mee bis elo sinn eréischt eng 100 Leit ënnerbruecht ginn. A senger parlamentarescher Fro freet de Fernand Kartheiser  ob d’Initiativ e Mësserfolleg ass an ob Lëtzebuerg dru bedeelegt ass.

Fro

D’Tageblatt schreift den 22. November vu Schwieregkeete bei der Verdeelung vu Migranten an Europa am Kader vun engem „fräiwëllege Solidaritéitsmechanismus“. Dëse war vun der franséischer EU-Presidence am Juni mat 20 anere Länner decidéiert ginn. Vun deenen 8.000 betraffene Flüchtlingen aus Italien a Griechenland wären an deene leschte fënnef Méint der awer nëmmen 100 ëmgesidelt ginn. Heizou hunn ech dës Froen un den Här Bausseminister:

  1. Kann den Här Bausseminister confirméieren, datt de fräiwëllege Solidaritéitsmechanismus seng gesaten Ziler bis elo wäit verfeelt huet?
  2. Ass Lëtzebuerg eent vun de Länner, wat sech am Juni verflicht huet? Wéi vill vun deenen 8.000 Flüchtlinger si bis elo vu Lëtzebuerg opgeholl ginn? Wéi vill vu Frankräich, wat dës Initiativ geholl hat?

Äntwert

Äntwert vum Här Jean Asselborn, Aussen- an Europaminister, Immigratioun- an Asylminister op d’parlamentaresch Fro 7263 vum 30. November 2022 vum honorabelen Deputéierten Här Fernand Kartheiser

 

  1. Nee, d’Evaluatioun vun dësem Mechanismus fënnt eréischt no engem Joer
  2. Jo, Lëtzebuerg huet an dësem Kontext zougesot fir 50 betraffe Leit opzehuelen. Mëttlerweil si 5 Leit aus Italien zu Lëtzebuerg ukomm. Frankräich huet sech an deem selwechte Kader engagéiert fir 3000 Leit opzehuelen. Dovunner si mengen Informatiounen no ronn 40 Leit ukomm.

 

Deel dëse Post: