EU-Recht oder Altersdiskriminéierung?

A leschter Zäit heefe sech d’Fäll vu Leit, déi net verstinn, firwat si mat 75 Joer hire Führerschäin net verlängert kréien. Sou kritt beispillsweis ee Mann, deen 1945 gebuer gouf, säi Kamionsführerschäin (iwwer 7,5 Tonnen) net méi verlängert wéinst sengem Alter, obwuel hie kärgesond ass an nach ni de Führerschäin verluer huet. Hien huet bei der entspriechender Verwaltung reklaméiert. Déi huet sech awer hannert „europäesche Reegelen“ verschanzt. Et huet sech awer erausgestallt, datt een an Däitschland a Frankräich ouni Problem och an deem Alter säi Führerschäin verlängere kann. Ass dat net Altersdiskriminéierung?

De Minister vertréischt a senger Äntwert op déi nächst Ännerung vum Code de la Route, wat awer fir déi Leit, déi elo mam Problem konfrontéiert sinn, keng Léisung ka sinn.

Deel dëse Post: