EU-Pefferkär: nom Brexit…

An Zesummenaarbecht mat der AECR, der der Allianz vun den europäesche Konservativen a Reformparteien, huet d’ADR e Samschdeg, den 25. Abrëll 2016 den „EU-Pefferkär“, als Annonce am Lëtzebuerger Wort, publizéiert. Am Haaptartikel gëtt et ëm de Brexit.

D‘Briten hu sech fir den Austrëtt aus der europäescher Unioun entscheet. Nom 23. Juni 2016 hu mir elo en anert Europa. D‘ADR hofft, datt de Message esou verstane gëtt: datt de Bierger, och an de 27 anere Länner, géint e federalistescht an zentralistescht Europa ass!

Wann d‘Beispill aus Groussbritannien net soll Schoul maachen, da mussen d‘Politiker aus dem „Reschteuropa“ nees op hir Bierger lauschteren an zeréck fannen op de Wee vum Europa vun den Natiounen.

Deel dëse Post: