EU-Ierwschaftsrecht: prinzipiell Kritik vum Roy Reding

E Mëttwoch, den 20 Mee 2015 huet de Roy Reding Stellung bezunn zum PL 6752 iwwert d’Ierfschaftsrecht an der EU.
Obwuel ee net ka géint eng europäesch Dispositioun stëmmen, hat den ADR-Deputéierte Roy Reding zwee Kritikpunkte bei der Ëmsetzung vum europäeschen Ierfschaftsrecht an der Chamber. An Zukunft kann en EU-Bierger mat zwou Nationalitéite wielen, wat fir e nationaalt Recht seng Successioun regelt. Kritiséiert huet de Roy Reding prinzipiell, datt esou Bréisseler Regelunge mussen ëmgesat ginn, ouni datt d’Chamber e Wuert ka matschwätzen. Dann huet hie gewarnt, datt iwwer d’Harmoniséierung an Europa géing probéiert ginn, zwou grondverschidde Rechtsphilosophien (angelsächsegt a franséischt Recht) ze verbannen, wat ëmmer problematesch wär.

Deel dëse Post: