EU-Bäitrëtt Tierkei: grad elo mussen d‘Verhandlunge gestoppt ginn!

D’ADR ass weiderhi prinzipiell géint e Bäitrëtt vun der Tierkei an d’Europäesch Unioun an ass deementspriechend der Meenung, datt d’Ouverture vun engem neie Kapitel an de Verhandlungen e Schrëtt an déi falsch Richtung duerstellt. Grad elo, wou d’Mënscherechtssituatioun besonnesch schwiereg ass, handelt et sech bei der Eenegung, déi d’EU-Ausseminister dës Woch fonnt hunn, ëm dat falscht Signal. D’ADR trëtt fir eng enk Assoziéierung vun der Tierkei mat der EU ouni Memberschaft an.

Dës Woch hunn sech d’EU-Ausseministeren drop gëeenegt, fir an de Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei en neit Kapitel opzemaachen. Dräi Joer laang gouf dësen Dossier op Äis geluecht, mä schonns am Hierscht soll eng Bäitrëttskonferenz stattfannen.

D’ADR ass prinzipiell géint e Bäitrëtt vun der Tierkei, well en à long terme déi politesch, institutionell a kulturell Strukture vun der EU géif stéieren. D’ADR huet sech ëmmer dofir ausgeschwat, datt d’Bäitrëttsverhandlunge gestoppt ginn.

Déi rezent Eenegung tëscht den EU-Ausseministere kënnt souwisou zu engem ongënschtegen Ament. D’EU verléiert international Credibilitéit fir hiren Asaz fir de Respekt vun de Mënscherechter, wann se grad elo, wou d’Mënscherechtssituatioun an der Tierkei besonnesch schwiereg ass, en neit Verhandlungskapitel opmécht.

Et sief och drun erënnert, datt d’Tierkei nach ëmmer net hir Engagementer géigeniwwer dem EU-Memberstaat Zypern a géigeniwwer der EU, notamment wat d’Kontroll vun der Immigratioun ugeet, respektéiert. Ankara däerf net och nach fir seng Repressioun no bannen an Agressioun no bausse belount ginn!

D‘ADR erkennt awer d’Wichtegkeet vun der Tierkei als strategesche Partner vun der EU un. Dowéinst proposéiert d’ADR eng enk Assoziéierung vun der Tierkei mat der EU ouni Memberschaft. Et ass och wichteg Hëllef ze leeschten, fir d’Tierkei bei de Problemer un der syrescher Grenz ze ënnerstëtzen.

Deel dëse Post: