Etude iwwer d’Niewewierkunge vun der Covid-19 Impfung: Bestätegung oder just en Zoufall?

Hei d’parlamentaresch Fro iwwert d’Niewewierkunge vun der Impfung vum honorabelen Députéierten Jeff Engelen.

Här President,

esou wéi d’Chamberreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro an d’Madamm Gesondheetsminister an un den Här Bausseminister weiderzeleeden.

D’Coronavirus-Pandemie huet an de leschte Jore vill Diskussioune verursaacht an och Irritatiounen  hannerlooss. D’Impfungen an hir Niewewierkunge bleiwen e ganz wichtegen Thema an dem Kontext. An engem Bréif vum 11. Mee 2023 freet de Collectif “Fräi Liewen” verschidde statistesch Donnéeën iwwert d’ Impfstoffer a méiglech Korrelatiounen tëschent eenzele Lotë vun dee Stoffer mat  onerwënschten Niewewierkungen. Weider soll an Dänemark rezent eng Etüd zu dem Sujet gemaach gi sinn.

An dem Zësummenhang wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Hunn déi Lëtzebuerger Regierung oder de CDC (Center for Disease Control) zu iergend engem Zäitpunkt statistesch Donnéeën iwwer d’Nieweneffekter vun dem Impfstoffer geläscht oder läsche gelooss? Wa jo, ass dat op Basis vun enger Interventioun vun engem europäesche Regulateur geschitt? Wa jo, op wéi enger rechtleche Basis ass dat geschitt?
  2. Ass d’Regierung bereet, fir dës Statistiken ëffentlech zougänglech ze maachen:
  • D’Lëscht vun de Numeroen vun de Lotën vun Impfstoffer géint de COVID-19 déi zu Lëtzebuerg benotzt goufen, zesummen mat der Zuel vu benotzten Dosen pro Lot;
  • Fir déi offiziell Rapporten iwwer onerwënschten Niewewierkungen: Zuel vun de Rapporten, d’Nummer, respektiv d’Nummere vun de Lotën aus deenen d’Impfdose geholl goufe mat dem Grad vu Schiedlechkeet vun deenen onerwënschten Niewierkungen (schlëmm/net schlëmm, medezinesch vu Bedeitung, Hospitaliséierung, potentiell liewensgeféierlech, Stierffall).
    3. Kann d’Madamm Minister confirméieren, datt et eng Korrelatioun tëschen verschiddene Lotën vun Impfstoffer an onerwënschte Niewewierkungen gëtt? Wa jo, wéi erkläert sech d’Regierung dee Fakt a firwat ass en nach net publizéiert ginn?

Hei fannt Dir déi Äntwert.

Deel dëse Post: