Ettelbrécker Maternité: De Problem war scho laang bekannt!

Schonn dräi Legislaturperiode stellen d’Sozialisten de Gesondheetsminister, an déi flächendeckend medezinesch Versuergung huet sech an där Zäit net verbessert.

Zanter Enn vum Joer 2014 hunn d’Kannerdokteren – net nëmmen am Norde vum Land – op de Noutstand an der kannerärztlecher Versuergung zu Lëtzebuerg higewisen. Schonn deemools hunn déi Responsabel iwwerdeems och op déi ganz problematesch rechtlech Situatioun higewisen, an där sech grad och d’Anästhesiste befannen, wann si pediatresch-neonatologistesch Déngschter assuréiere mussen. Schonn deemools hätt missen eng grondsätzlech Léisung fonnt ginn, wéi ee kann d’Gebuerten an d’Versuergung vun den Neigebuerene ronderëm d’Auer mat spezialiséiertem Fachpersonal sécherstellen. Et war deemno scho laang bekannt, datt e Manktem u Pediateren – déi eng zousätzlech Formatioun fir d’Reanimatioun vun de Neigebuerenen hunn – an Dokteren an der Neantologie besteet.

Am Norde vum Land gouf iwwerdeems schonn zwee Joer virdrun, also 2012, d’Wëlzer Maternité, déi en exzellente Ruff hat, zougemaach – an dat bei engem staarken demographesche Wuesstem zu Lëtzebuerg, dee sech schonn deemools däitlech ofgezeechent huet.

Lauschtert een de Betraffenen no, dann handelt et sech hei kloer ëm politesch Verfeelunge vun enger Regierung, déi an der Gesondheetspolitik net hirer Verantwortung nokomm ass – jo carrement refuséiert huet, schonn deemools an am Kontext vun der kannerärztlecher Versuergung, an och an anere medezineschen Domäner, deene Betraffenen nozelauschteren. Eng feelend medezinesch Versuergung,  grad och am Oste vum Land, – z.B. mat enger maison médicale an/oder Strukturen, déi och medezinesch Geräter, wéi en IRM, zur Verfügung stellen – sinn an der laanger Lëscht vun de medezinesche Mëssstänn just d‘Spëtzt um Äisbierg.

Déi fraendiskriminéierend Vernoléissegung vun de Maternitéë sollt dann och en eeschtzehuelend Uleies vum MEGA (Ministère de l’Egalité entre les femmes et les hommes) sinn, dee sech awer léiwer mat ideologescher Gender-Politik beschäftegt.

Et ass néideg, datt elo séier legiferéiert gëtt an d’Spidolsgesetz esou ugepasst gëtt, datt d’Garden an de Bereetschaftsdéngscht esou remuneréiert ginn, datt d’Spezialisten hiren Ausfall an der Praxis korrekt kompenséiert kréien, esouwuel fir déi Deeg, déi si fir d’Klinik musse schaffen/disponibel sinn, ewéi och fir den Dag no der 24-Stonnen-Gard.

De Samu néonatal, vun deem d‘Madamm Minister Lenert gëschter geschwat huet, wäert net vill hëllefen. Dëse brauch, wann et onerwaart schwéier Komplikatioune bei der Gebuert ginn, vill ze laang, fir am CHdN unzekommen, fir de Puppelchen nach ze retten. De Gesondheetsministère soll elo am Accord mat den Dokteren d‘Zuelen op den Dësch leeën, wat et géing kaschten, fir d’Garde 24 op 24 Stonnen, a siwen Deeg op siwen, flächendeckend am Land ze garantéieren a korrekt ze bezuelen. Politik a Budget sinn eng Fro vu Prioritéiten, a fir d‘ADR huet d’Gesondheet vun den Awunner zu Lëtzebuerg Prioritéit géintiwwer anere Saachen.

Et heescht elo net nëmme séier eng Léisung fir d’Maternité am CHdN ze fannen, mee och ze verhënneren, datt dee selwechte Problem sech an anere Spezialisatiounen an an diverse Kliniken uechtert d’Land stelle wäert. Doriwwer eraus muss d’Regierung elo endlech hir Scheiklappen ofleeën an agesinn, datt de strammen demographesche Wuesstem verlaangt, datt och d’Personalstruktur andauernd evaluéiert an ugepasst muss ginn. D’ADR huet schonn 2018 bemierkt, datt dat aktuellt Spidolsgesetz net den néidege Kader setzt, fir dës Erausfuerderungen ze meeschteren.

Bei aller Kritik gëllt allerdéngs elo, esou séier wéi méiglech a mam néidege Pragmatismus Léisungen ze fannen. An engem Interview vum 4. Abrëll huet d’Gesondheetsministesch allerdéngs wéineg entschlosse gewierkt – konkret Léisungsvirschléi gouf et keng. D’ADR plädéiert mat der néideger Drénglechkeet dofir, datt d’Regierung elo endlech op déi Betraffe lauschtert a sech mat hinnen un en Dësch setzt, fir Léisungen auszeschaffen, déi et der Ettelbrécker Maternité erlaben, esou séier wéi méiglech hir Dieren nees opzemaachen – eppes wat, politesch motivéiert, laang verpasst gouf.

Matgedeelt vun der ADR

Deel dëse Post: